[Chamber-Video]: ADR geet mat Regierung an CSV an d’Geriicht

D’Budgets-Debatten an der Chamber waren d’Geleeënheet fir déi dräi Deputéierten vun der ADR fir sech ganz kritesch mat der Politik vun der Lénksregierung ausernanergesat. Mais och déi Partei, déi Jorzéngte laang a Lëtzebuerg ënner diverse Premieren d’Soen hat, d’CSV also, ass net ongeschuer dervu komm.
Als éischte Riedner huet de Gast Gibéryen sech mam Budget a senger Gesamtheet, der aktueller Situatioun vun de Staatsfinanzen a mat der Fro vun der Zukunft vum Lëtzebuerger Wuelstandsmodell ausernanergesat.

Duerno huet de Fernand Kartheiser, deen d’Spuermoossnamen vun der Regierung als regelrecht Hypothéik fir d’Land entlarvt huet. Gewiedert huet den ADR-Deputéierten och iwwer d’Tatsaach, dass d’Lénkskoalitioun d’Leit a besonnesch Familljen strooft, déi vu verschiddene Mesuren getraff an an hirer Entscheedungsfräiheet sollen ageschränkt ginn.

Als drëtten ADR-Riedner huet sech de Roy Reding méi genee mat der Agrar- an der Kulturpolitik befaasst. Och si si besonnesch vu Spuermoossnamen betraff, nodeems d’Landwirtschaft jo och op administrativem Plang mat ëmmer méi Kontrolle gedirängelt gëtt.

Deel dëse Post: