[Chamber-Video]: 334 Milliounen Euro fir d’Bisser Bréck

E Mëttwoch, de 17. Dezember 2014 huet de Roy Reding an der Chamber zum Projet „Bisser Bréck“ (P.L: 6725) geschwat. Den Devis fir de Viaduc am Norde vun der Gare Lëtzebuerg ass vun 180 op 334 Milliounen an d’Luet gaangen! Dës Aarbechte wären net néideg, wann de „Projet Schummer“, dat heescht den City-Tunnel realiséiert géif, statt den Tram duerch d’Stad ze bauen. Mam Projet Bisser Bréck plus de Milliard Euro déi den Tram wäert kaschten hätten d’Problemer vun der Mobilitéit an a ronderëm de Stad vill méi effektiv kéinte geléist ginn.

D’ADR huet sech an der Chamber beim Vote enthalen.

Deel dëse Post: