Chamber- an Europawalen : d’ADR plädéiert fir getrennten Termäiner!

D’ADR ass der Meenung, datt déi zwou Walen, déi fir d’nächst Joer virgesi sinn, missten zäitlech getrennt sinn. D’Europawale kéinten am Mee an d’Chamberwalen am Juni 2014 sinn. Der ADR ass et wichteg, datt et zu enger reeller Debatt iwwert d’EU an iwwert d’Roll vu Lëtzebuerg an der EU kënnt. Et gëtt Zäit, datt déi wichteg Froen déi Opmierksamkeet kréien, déi se verdéngen, esou wéi et all d’Parteien an der Vergaangenheet verlaangt hunn.

Virun e puer Méint huet d‘Europäescht Parlament an enger Resolutioun de Conseil opgeruff, d’Europawalen op Mee 2014 festzeleeën. Fir Lëtzebuerg kommen an deem Kontext souwuel den 18. wéi de 25. Mee a Fro. Dëst kéint bedeiten, datt d’Chamberwalen ausnamsweis net am Juni, mä och am Mee stattfannen, well se traditionnell mat den Europawalen zäitlech verbonne sinn.

D’ADR ass allerdéngs der Meenung, d’Europawale missten am Mee an d’Chamberwalen am Juni 2014 sinn. Duerch all d’Parteie gëtt ëmmer nees bemängelt, datt keng reell Debatt iwwert Europa a méi spezifesch iwwert d’Roll vu Lëtzebuerg an der EU gefouert gëtt. Dat nächst Joer bitt eng eemoleg Méiglechkeet: duerch getrënnten Termäiner kënnen déi wichteg Froen endlech déi Opmierksamkeet kréien, déi se verdéngen.

Den Afloss vun der EU, notamment an der nationaler Legislatioun, ass esou grouss, datt et méi wéi néideg ass, iwwer Europa ze diskutéieren an d’Bierger esou gutt wéi méiglech z’informéieren. Eng Walkampagne speziell iwwert europäesch Themen ass der ADR no de richtege Wee. Als Member vun der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR) trëtt d’ADR fir en Europa vun den Natiounen an.

D’ADR ass sech selbstverständlech der Wichtegkeet vun der Päischtvakanz bewosst, déi grad de Familljen d’Méiglechkeet gëtt fir Zäit zesummen ze verbréngen. Aus deem Grond schéngt den 18. Mee méi konsensfäeg ze sinn. Primordial bleift awer déi allgemeng Debatt iwwer Europa an d’Zukunkft vu Lëtzebuerg.

Deel dëse Post: