CETA: D’Chamber muss e Wuert matschwätzen! [Videoen]

print

An der Chamber, den 30. Juni: De Fernand Kartheiser deposéiert eng CETA-Motioun. Deen Text soll d’Regierung bannen, wéi mat Handelsofkommen ëmzegoen ass. Déi mussen, esou d’ADR-Fuerderung, an der Chamber kënnen diskutéiert ginn a net zu Bréissel hanner zouenen Diren. Dat war d’Reaktioun vun eiser Partei op dem Jean-Claude Juncker seng ondelikat Aktioun, fir ze behaapten, CETA géing nëmmen d’Kommissioun an d’Europaparlament eppes ugoen an net d’Parlamenter vun de 27 EU-Memberstaaten.

De Fernand Kartheiser huet zweemol iwwer säin Text geschwat: beim Deponéieren an och, wéi d’Motioun diskutéiert ginn ass. 55 Deputéierten hate net de Courage, se ze stëmmen, obwuel se all géint d’Prozedur vun der CETA-Verhandlunge waren. Mä wuel nëmme mam Mond, net wann et em eng Motioun geet. Mat der ADR gestëmmt hun Déi Lénk“. CSV a Gambia soen zwar, si wäre géint CETA, mä dat si si net, wann et wierklech drëm geet.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.