Cannabis-Legaliséierung: Avis vu Nopeschlänner an UNO?

Am Kader vun der Regierung hire Pläng, de Cannabis net just zu medezineschen, ma och zu rekreativen Zwecker zouzeloossen, stellen sech nach eng Rei wichteg Froen. Virun allem déi wéi eis Nopeschlänner zu enger Lëtzebuerger Legaliséierung vum Cannabis stinn! Nodeems d’Regierung scho viru méi laangem ugekënnegt hat, datt si eis Noperen an där Saach kontaktéiert huet, freet sech awer zu wéi enge Resultater deen Dialog gefouert huet. Eng weider Fro betrëfft déi international UNO-Konventiounen déi Droge betreffen an déi Lëtzebuerg ratifizéiert huet, mat der Haaptfro hei, ob déi geplangte Cannabis-Legaliséierung mat dësen internationale Rechtsinstrumenter iwwerhaapt compatibel ass.  

 

      

Deel dëse Post: