Budget fir den “Anne Beffort Excellence Programme”

Am Kader vum “Anne Beffort Excellence Programme” rekrutéiert d’Uni Lëtzebuerg aktuell véier weiblech Professeren. Zum Budget vun dësem “Programm” huet den Tom Weidig eng Fro un déi zoustänneg Ministesch.

Fro:

Op eis Nofro hi si mir vun der Uni Lëtzebuerg gewuer ginn, datt de Budget fir den „Anne Beffort Excellence Programme“ Deel vum reguläre Budget vun der Uni Lëtzebuerg ass – allerdéngs gëtt en do net separat ausgewisen. Am offizielle Budget 2025 vum Lëtzebuerger Staat fënnt een d’Bäiträg un d’Uni Lëtzebuerg (ca. 249.632.000 Euro fir 2025, inkl. all d’Aufgabeberäicher), allerdéngs ouni Opschlësselung um Niveau vun de Programmer. Wann een déi offiziell Homepage vun der Uni Lëtzebuerg duerchsicht, am Besonneschen den “Gender Equality Plan 2020‑2025” an d’Websäit zum “Anne Beffort Excellence Programme”, fënnt ee keng konkret Donnéeën zum Budget vun dësem Fërderprogramm. Et schéngt also sou ze sinn, datt den “Anne Beffort Excellence Programme” bis elo keng ëffentlech kommunizéiert Budgetszomm opweist.

An deem Kontext hunn ech follgend Fro un d’Madamm Héichschoulminister:

Kann d’Madamm Minister preziséieren, wéi eng Zomm am reguläre Budget vun der Uni Lëtzebuerg fir den “Anne Beffort Excellence Programme” virgesinn ass?

Äntwert:

Fir jiddwer Professesch, déi eng « Bourse d’excellence Anne Beffort » kritt, si fënnef Joer laang, an der Moyenne, all Joer 50.000 Euro Budget fir hir Aktivitéiten an der Recherche virgesinn. De Budget vun der Universitéit Lëtzebuerg fir 2026 gëtt, fir véier Titulairinnen (zwou an der Informatik an all Kéiers eng an der Ingenierie an an der Mathematik) op 100.000 Euro geschat. Heibäi handelt et sech ëm d’Somme fir een halleft Joer zënter dem Ufank vum Programm. Duerno, fir déi follgend ganz Joren, sinn, op e ganzt Joer, fir véier esou Bourssen 200.000 Euro virgesinn. Dëst entsprécht ongeféier 0,8‰ vun der Dotatioun, déi de Ministère 2026 fir d’Universitéit virgesäit.

 

Deel dëse Post: