[BEÄNTWERT] Budget de la Grèce et position de la Banque centrale européenne

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës Drénglechkeetsfro un den Här Premierminister an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Der griichescher Regierung feelen, eegenen Aussoen no, bis zu 15 Milliarden Euro an hirem Budget; e Montant, dee vill méi héich ass wéi ugangs virgesinn. Et gëtt deementspriechend iwwert déi verschidden Ausweeër aus dëser schwiereger Situatioun diskutéiert. Eng Rei Politiker maachen Drock op déi Europäesch Zentralbank (EZB), fir datt se op Fuerderunge géigeniwwer Athen verzicht. Erwähnt ginn eng Baisse vun den Zënsen op déi griichesch Emprunten, nei Scholden an eng Ëmstrukturéierung vun de Scholden. Laut der däitscher Zeitung Die Welt refuséiert d’EZB fir weider Mesuren opzekommen. Eng Restrukturéierung vun de Scholde wär mat enger monetärer Staatsfinanzéierung gläichzestellen an et wär fir d’EZB verbuede sech dorunner ze bedeelegen, esou den Här Jörg Asmussen, Member vum EZB- Directoire.

An dësem Kontext wéilt ech dem Här Premierminister an dem Här Finanzminister dës Froe stellen.

  1. Wéi steet d’Regierung zu weidere Mesurë fir d’Faillite vu Griicheland ze verhënneren, déi haaptsächlech vun der EZB géinge gedroe ginn?
  2. Deelt d’Regierung d’Analys vum Här Asmussen, datt d’EZB sech net un enger Restrukturéierung vun de griichesche Scholden däerf bedeelegen?
  3. Wéi steet d’Regierung zu weidere Mesurë fir d’Faillite vu Griicheland ze verhënneren, déi haaptsächlech vun de Memberstaate géinge gedroe ginn?
  4. Gëtt et weider Diskussioune fir e weidere Scholdeschnëtt fir Griicheland? Wa jo, wéi stellt d’Lëtzebuerger Regierung sech dozou?
  5. Wéi eng Konsequenzen hätt e weidere Scholdeschnëtt fir de Staatsbudget an d’Finanzplaz Lëtzebuerg, an der Hypothees, datt privat Banke géinge bedeelegt ginn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse du Premier Ministre, Ministre d’Etat et du Ministre des Finances à question N°2321 de Monsieur Fernand Kartheiser concernant Budget de la Grèce et position de la Banque centrale européenne

 

Deel dëse Post: