Brexit: Et geet elo duer!

De Roy Reding huet eng wouer Interpretatioun gemaach, vun der Bedeitung vum Brexit an de Reaktiounen dorop. Wann eng Minoritéit eppes wëllt, wat d’Majoritéit net wëllt, léisst d’Majoritéit sech dat net laang gefalen. Esou beim Lëtzebuerger Referendum viru gutt engem Joer an esou och beim Brexit-Referendum den 23. Juni. A wa se da schwaarz op wäiss huet, wat d’Leit vun hiren Iddien halen, motzt d’Minoritéit a vernennt déi, deenen hir Meenung sech duerchgesat huet. Zu Lëtzebuerg virun engem Joer an a Groussbritannien elo. Dat kann d’International vun de Minoritéiten also gutt: Wat se net kënnen, ass op d’Leit lauschteren an eppes un hirer Politik änneren.

Deel dëse Post: