Brexit-Diskussioun suergt fir en anert Europa

Egal, ob Groussbritannien nom britesche Referendum vum 23. Juni an der EU bleift oder net, Europa wäert sech änneren, erklärt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. An der Chamber war en Dënschden d’Diskussioun iwwert dem Premier Bettel säi Rapport vun de Brexit-Verhandlungen zu Bréissel. De Fernand Kartheiser huet vir d’éischt d’Nodeeler vun engem Austrëtt vu Groussbritannien analyséiert an ënnerstrach, datt de Brexit net den eenzege Problem ass mä datt Europa an enger déiwer Kris ass. E Käreuropa ouni Groussbritannien wär en Europa ënner däitscher Féierung, wat net wënschenswäert ass. Et wär fir Lëtzebuerg och eng finanziell Neibelaaschtung an d’Gefor, an den Institutiounen nach méi Gewiicht ze verléieren. Groussbritannien hätt bis elo eng Rëtsch vun Initiative verhënnert, déi der ADR och net gefalen: Finanztransaktiounstax, méi grouss EU-Budgeten, méi Einnamen, déi direkt un d’EU géinge goen …

Keng Extrawurscht fir d’Insel

Den Ausgang vun de Verhandlunge mam David Cameron iwwer en Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU begréisst de Fernand Kartheiser an hien ënnersträicht d’Verhandlungsgeschéck vum britesche Premier. D’ADR insistéiert awer, datt Groussbritannien hei keng Extrawurscht kritt, mä datt dat, wat bei de Verhandlungen erauskomm ass, fir all Land unzewennen ass. An dat bedeit dräi Saachen, déi voll op ADR-Linn leien:

  1. méi Souveränitéit fir all Land,
  2. en décke Merci un de Cameron fir säin Erfolleg bei de Brexit-Verhandlungen,
  3. eng radikal aner Europapolitik.

 

Deel dëse Post: