Breveten: E gutt Gesetz mee eng gelunge Prozedur [Video]

Zwar huet d’ADR de 19. Abrëll 2016 an der Chamber e Projet matgestëmmt, deen d’Breveten, d’Patenter op Erfindungen also, nei regelt. Mee de Fernand Kartheiser huet sech iwwer d’Manéier beschwéiert wéi esou Direktiven an Europa geholl. D’wirtschaftlech Schwéiergewiichter ënner de Länner kréien do en Iwwergewiicht an an de Verhandlungen sinn nët méi all europäesch Sproochen zougelooss. Dat nennt sech da “Coopération renforcée”. De Fernand Kartheiser huet awer och virgeschloen, de Lëtzebuerger Betrieber besser ze hëllefen, wann et drëm geet, en eegene Brevet unzemellen.

Deel dëse Post: