Bréifwal ufroen

Vläicht si fir vill Leit d’Chamberwalen de 14. Oktober nach wäit ewech. Mee d’Bréifwal kann een elo schonn ufroen.  Et  muss een dat spéitstens bis 25 Deeg / 40 Deeg (fir Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen) virun de Wale gemaach hunn). Et ass jo fir d’éischt, datt dee Walmodus einfach an onkomplizéiert kann ugefrot ginn, ouni datt een nach laang Erklärunge muss ofginn. Bei de Wale virdru war dat nëmme fir Leit iwwer 75 Joer esou einfach.

Wann ee wëllt Bréifwal maachen, muss een d’Gemeng informéieren, wou een op d’Wallëschten ageschriwwen ass. Dat geet entweder mat engem fräie Bréif oder mat engem Formular (dat een op der Gemeng kritt oder am Internet luede kann) oder ganz elektronesch am Internet. Déi, déi selwer wëllen e Bréif schreiwen, mussen Numm a Virnimm, Gebuertsdatum, Gebuertsplaz, Wunnadress an d’Adress wou d’Walschreiwes soll higeschéckt ginn, dra setzen. Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, mussen eng Kopie vun hirem gültege Pass bäileeën.

Deel dëse Post: