Bravo un d’Zyprioten, e Beispill fir Lëtzebuerg!

D’ADR felicitéiert d’Zypriotescht Vollek an d’Deputéierten, déi dem Diktat vun den Eurofinanzministeren net noginn hunn an domadder eng ganz ëmstridden Decisioun gekippt hunn. Mam Matwierke vum Lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden war eng Zwangsenteegnung vun de Clienten, déi Suen op Zypriotesch Banken hannerluecht haten, decidéiert ginn.  D’ADR ass der Iwwerzeegung, datt d’Decisioun vum Zypriotesche Parlament och Gefore fir d’Lëtzebuerger Finanzplaz op d‘mannst fir déi no Zukunft reduzéiert. Wieren d’Decisioune vu Bréissel duerchgesat ginn, hätten d’Clienten den Androck kritt, datt d’Geldanlagen an der Eurozone net méi sécher sinn. D’CSV-LSAP Regierung bleift awer an der Flicht, hir Hausaufgaben ze maachen an onse Budget ze sanéieren, fir datt de Grand-Duché net och enges Daags dem Drock vun Europa muss noginn. Bei der Sich no enger Léisung fir d‘Problemer vun Zypern soll, genau wéi fir Griicheland, en Austrëtt aus der Eurozone keen Tabu sinn.

Vläicht ass den Euro net zu Bréissel, mä zu Nikosia gerëtt ginn! D’Konsequenze vun enger deels Zwangsenteegung vu Konten a Spuerbicher an engem Euroland wier en desastréist Signal gewiescht fir all d‘Bierger, déi Geld op Banken an der Eurozone leien hunn, genee wéi fir international Investisseuren. Datt och de Lëtzebuerger Finanzminister dës Mesure matgedroen a verteidegt huet, bleift onverständlech a war eng direkt Attack op d’Lëtzebuerger Finanzplaz! De Jean-Claude Juncker huet zu Wien d’Decisioune vu Bréissel staarkt kritiséiert. Datt de Premier säi Finanzminister desavouéiert huet gehéiert zur CSV-Dialektik!

De Nee vun den Zyprioten ass awer och ze begréissen, wëll domadder e Memberstaat, an nach ee vun deene klengsten, de Courage bewisen huet sech Decisioune vum Federalstaat ze widdersetzen. Op e Lëtzebuerg ënnert der CSV-Féierung och dëse Courage géif beweisen? Fir d’ADR sinn déi rezent Entwécklungen e weideren Usporn, fir sech fir en Europa vun den Natiounen anzesetzen, an deem d’Staaten hir Souveränitéit behalen, an net an engem Federalstaat zu Statisten degradéiert ginn.

Bei der Léisung fir d‘Problemer vun Zypern bleift d’ADR bei de Virschléi, déi se och am Dossier Griicheland gemeet huet: en Austrëtt, eventuell op Zäit, aus der Eurozone kann der Insel déi néideg Mëttelen an Handlungsfräiheet ginn fir hir Problemer selwer an d’Hand ze huelen, ouni Europa a seng Rettungsfongen ze belaaschten. Dës Fonge ginn och vu Lëtzebuerg bezuelt a mat héije Garantien ofgeséchert, esou datt dem Finanzminister seng Ausso, d’Rettung vun Zypern géif onst Land näischt kaschten, net stëmmt.

D’ADR fuerdert d’Regierung op, an Europa eng kohärent Haltung ze huelen, wou all Ministeren um selwechte Strang zéien an wou virun allem d’Interesse vu Lëtzebuerg, an och vu senger Finanzplaz, verdeedegt ginn.

Deel dëse Post: