Brandongléck an der Silvesternuecht zu Crans-Montana

Zum katastrophale Brandongléck an der Silvesternuecht zu Crans-Montana huet den Tom Weidig e puer Froen un den Inneminister.

Fro:

An der Silvesternuecht si bei engem tragesche Brand am „Le Constellation“-Club zu Crans-Montana no aktuellem Stand bis elo 40 Leit ëm d’Liewe komm a méi wéi honnert, deels schwéier, verletzt ginn. Videoen an Zeienaussoen deiten drop hin, datt duerch Schampeskäerzen oder aner Forme vu Pyrotechnik eng Isolatioun um Plaffong Feier gefaangen huet. Dëst Feier huet sech séier ausgebreet an et gouf nëmmen ee schmuelen Ausgang.

Natierlech muss eng Enquête déi genau Ursaache rausfannen, ier een definitiv Conclusiounen zéie kann. Mee an der Vergaangenheet si scho vergläichbar Onglécker passéiert an och ënnersicht ginn, sou z.B. an den Nuetsclibb „Lame Horse“ an der russescher Stad Perm (2009, 156 Doudesaffer), „Kiss“ an der brasilianescher Stad Santa Maria (2013, op d’mannst 242 Doudesaffer) an „Colectiv“ zu Bukarest (2015, 64 Doudesaffer). Och bei dëse Virfäll gouf et vergläichbar Musteren: Pyrotechnik, entzündbaart Material a schlecht Evakuéierungsméiglechkeeten.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Waren déi genannten Onglécker zu Perm, Santa Maria a Bukarest Géigestand vun Diskussioune bei den zoustännege Servicer vum Staat? Wa jo: Goufen doropshi konkret Moossnamen decidéiert? Wa jo: Gëtt et dozou e Rapport? Wa jo: Kann den Här Minister eis dee Rapport zoukomme loossen?
  • Gëtt et zu Lëtzebuerg e Verbuet fir Schampeskäerzen? Wann nee, gëtt iwwer esou ee Verbuet nogeduecht?
  • Gëtt et zu Lëtzebuerg e Verbuet vun entzündbarer Isolatioun? Wann nee, gëtt iwwer esou ee Verbuet nogeduecht?
  • Huet Regierung no de Virfäll zu Perm, Santa Maria a Bukarest den Organisateuren a Bedreiwer vun Nuetsclibb an aneren Etablissementer Informatiounen zoukomme gelooss, fir de Brandrisiko ze reduzéieren?

Foto-Copyright: Deutschlandfunk

Deel dëse Post: