Viru bal 18 Joer gouf zu Lëtzebuerg d’Promillgrenz fir mam Auto ze fueren, vun 0,8 op 0,5 reduzéiert. Vill Leit hunn hir Gewunnechte missten änneren, zum Beispill wann si raus iesse ginn. Fir eise Gastronomiesekteur den Ufank vun enger ganzer Rei Moossnamen, déi dat ekonomescht Iwwerliewen iwwert d’Joren ëmmer méi schwéier gemaach hunn. D’Motiver hannert där Gesetzesännerung, nämlech d’Erhéijung vun der Verkéierssécherheet an de Schutz vu Liewe ware sécher richteg a wichteg. Trotzdeem war d’Ännerung net onëmstridden, ënner anerem wéinst der Fro, ob bei deene meeschten duerch Alkohilismus verursaachten Accidenter wierklech en Taux tëschent 0,5 an 0,8 oder doriwwer virlouch. An deem Fall hätt een och de Respekt vun der Grenz vun 0,8 méi streng kontrolléiere kënnen. 18 Joer méi spéit schwätzen d’Zuele bei den Äntwerten op déi Froen hoffentlech fir sech a genee déi wëll de Jeff Engelen vun der Regierung gewuer ginn:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister an d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Am Oktober ginn et 18 Joer, datt zu Lëtzebuerg d’Promillgrenz fir ënner Alkoholafloss mam Auto ze fuere vun 0,8 op 0,5 reduzéiert gouf. Mat där Gesetzesännerung gouf sech eng Reduktioun vun den Accidenter, déi duerch iwwerméissegen Alkoholkonsum zustane koumen, erhofft.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert wéi vill Protokoller jeeweils vun 2007 bis 2024 fir iwwerméissegen Alkohol um Steier geschriwwe goufen, wéi vill Punkten um Fürerschäin duerfir ofgezu goufen, wéi vill Fürerschäiner ganz abehale goufen, wéi vill Geriichtsurteeler geschwat goufen a preziséieren, ob et sech jeeweils ëm en Delikt vun 0,5 – 0,8 Promill oder en Delikt vun 0,8 Promill an doriwwer gehandelt huet?
- Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren déi regruppéiert, wéi vill Accidenter tëschent 2000 an 2024 jeeweils duerch Alkohol um Steier verursaacht goufen, wéi vill Leit doduerch blesséiert goufen, respektiv hiert Liewe gelooss hunn a preziséieren, ob de Responsabele jeeweils e Promillwäert vun 0,1 – 0,8 oder vun 0,8 an doriwwer opgewisen hat?