Bilan vum COVID-Check Regime

Op den Datum vum 15. Januar wollt d’Regierung all Lëtzebuerger, deen enger bezuelter Aarbecht nogeet am Kader vum Impfdrock ënnert de COVID-Check Regime zwéngen. Op déi betraffe Leit wieren zousätzlech Fraisen tëschent 300 a 500 Euro de Mount duerkomm, just fir hiert natierlecht Recht, sech an hir Famill ze ernieren, dierfen auszeüben. Glécklecherweis gouf dës Tyrannei séier an effikass duerch de Widderstand och vun der ADR, an éischter Linn awer vum Lëtzebuerger Vollek gestoppt. Den 11. Februar dunn huet de Jeff Engelen e Bilan vum Här Bettel senger Groussmuechtfantasie gefrot. Mat vill Verspéidung äntwert d’Regierung dann den 30. Mäerz, datt hir beschriwwen “Moossnamen” keng negativ Auswierkungen op den Aarbechtsmaart gehat hätten. Zousätzlech Krankeschäiner an deem Zäitraum géifen sech duerch den Omnikron erklären. Nu jee, dem Winston Churchill gouf nach d’Zitat zougeschriwwen: Trau kenger Statistik, déi’s de net selwer gefälscht hues. Gambia huet dat offenbar net méi néideg, et interpretéiert een d’Welt einfach, wéi se engem gefält.

Deel dëse Post: