Bezierkskongress Zentrum: „D’CSV ass de Problem“ (FOTOEN)

E Mëttwoch, den 20. Februar 2014, hu sech iwwert 40 Memberen um Cents fir de Kongress vum ADR-Bezierk Zentrum getraff. De Kongress gouf ageleet vum Bezierkspresident Roy Reding: „De Jean-Claude Juncker ass wéi en Dummy-Chauffeur, dee mat 180 riicht an d’Mauere rennt“. Hien huet d’Maueren opgezielt, déi sech viru Lëtzebuerg optiermen: Rentemauer, Aarbechtslosemauer, Bildungsmauer, Wunnraumsmauer, Sozialmauer, Demokratiedefizitsmauer, Fiskalmauer… D’Konklusioun vum Roy Reding: „D’ADR huet déi historesch Verantwortung d’Problemer, virun deenen onst Land steet, ouni Tabuen unzeschwätzen“.

D’Sekretärin a Gemengeconseillère Marceline Goergen huet de gutt gefëlltenen Aktivitéitsbericht virgeluecht, mat ënner anerem zwou Informatiounssëtzungen an dem traditionelle Stand op der Braderie. D’Caissière Beatrice Clement konnt eng gesond Finanzsituatioun opweisen.

Den Deputéierte Gast Gibéryen huet sech gefreet, datt esou vill Memberen um Kongress waren: „Et ass de Beweis, datt de Bezierk lieft a fonctionnéiert“. Wéi ëmmer konnt hien d’Leit um Kongress mat sengem Referat begeeschteren. Manner begeeschtert ass en awer iwwert d’Situatioun, an dat d’Land vun der CSV-LSAP-Regierung an vum Jean-Claude Juncker eragefouert gouf: „Nach ni war Lëtzebuerg an esou engem desolaten Zoustand“. Joer fir Joer weisen d’Staatsfinanzen iwwert eng Milliard Euro Defizit aus. Fir de Gast Gibéryen ass kloer : „D’CSV kann de Problem net léisen, d’CSV ass de Problem“. Et läit un der ADR, déi schonns virun de Wale vun 2009 de Courage hat d’Wouerecht ze soen, hir Idddie gestäerkt de Leit matzedeelen.

no images were found

Deel dëse Post: