Bezierk Zentrum: Ganz konstruktive Kongress

 

E Mëttwoch, de 6. Februar war am flotte Restaurant Neptwone zu Kolmer-Bierg de Kongress vum Bezierk Zentrum. Ronn 30 ADR-Membere waren op der Plaz, dat a Präsenz vun de 4 ADR-Deputéierten aus der Chamber.  

A senger Usprooch huet den Alex Penning, ADR-Generalsekretär an Iwwergangspresident vum Bezierk Zentrum, all de Memberen nachmol Merci gesot. Dat fir déi gutt a vill geleeschten Aarbecht, am Virfeld vun de Parlamentswalen zejoert. Esou waren am Bezierk Zentrum am ganze 5 verschidde Walversammlungen ofgehale ginn. Och um Stater Maart war, iwwert Woche, ganz vill Präsenz gewise gi fir mat de Wieler a Kontakt ze trieden.  

D’Wal-Resultat vun der Partei vum Bezierk Zentrum ass dann och vum Iwwergangspresident ganz positiv bewäert ginn, och wann d’ADR am Zentrum prozentual manner gutt ofgeschnidden huet wéi an deenen 3 anere Bezierker vum Land. Trotzdeem konnt d’Partei am Bezierk Zentrum nach ëmmerhin 2% méi Stëmme verbuche wéi bei deene leschte Parlamentswalen.  

Positiven Ausbléck dann och op d’Europawalen am Mee, hei huet den Zentrums-Deputéierte Roy Reding a senger Interventioun ënnerstrach, datt d’ADR no deene leschten Europawalen a méi wéi 50 Gemengen am Land besser ofgeschnidden hat wéi d’LSAP. Des Kéier kéint een ouni Zweiwel nach e bessere Score maachen. Hei géif et op alle Fall reell Chancen. Dat an Zäite wou déi zentralistesch gefouert Europäesch Unioun duerch ëmmer méi Demokratie-Defiziter negativ opfält an och ëmmer méi schlecht bei de Bierger ukënnt. Eppes wat de Süd-Deputéierte Fernand Kartheiser a sengem Referat betount huet. Et wär een net géint d’EU ma fir en anert Europa vun de souveräne Staaten. An iwwregens och déi eenzeg Lëtzebuerger Partei déi fir e friddlecht a cooperativt Europa vun de Natiounen antrëtt an deem och déi europäesch Institutioune weider existéiere kënnen, dat fir am Déngscht vun de Nationalstaaten ze fonctionnéieren.

Am Laf vum Kongress ass nach eng gutt Neiegkeet ugekënnegt ginn, gläich e puer nei a staark motivéiert ADR-Memberen wëllen am Mierscher Kanton eng lokal Sektioun grënnen. 

Positiv zréckzebehalen ass da nach datt de President vum Bezierk Zentrum vu bis elo, de Lucien Welter, der Partei weider erhale bleift. Dee krut vill Luef fir seng gutt Aarbecht zougesprach, aus gesondheetleche Grënn hätt hien awer keen anere Choix gehat fir de Presidenteposten opzeginn.  

De Komitee ass da mat hirem Interims-President Aex Penning bestätegt ginn, déi verschidde Poste ginn da geschwënn op der nächster Versammlung vum Bezierk nei festgeluecht.

 

Deel dëse Post: