Betreit Wunnen: Bewosst Verschleierung vun de Fakten?

Hei am Land ginn et am ganzen 11 Haiser fir betreit Wunnen déi vum Familljeministère zougelooss sinn. An dëse Strukture wunnen an der Majoritéit eeler Leit.  Änlech wéi an Altersheemer wunnen hei vulnerabel Persoune méi enk zesummen. Et stellt sech d’Fro firwat an der COVID-Kris d’Zuele vun de Stierffäll, an dëse vum Ministère zougeloossene Strukture vum betreite Wunnen, net an d’Statistik vun den Altersheemer mat agerechent ginn. Wëll d’Regierung keng Transparenz? 

 

Deel dëse Post: