Besuchsrecht vun de Päpp an enger Scheedungssituatioun

Op Grond vun engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet de Fernand Kartheiser dem Justizminister eng parlamentaresch Fro gestallt, iwwert d’Besuchsrecht fir d’Päpp am Fall vun enger Scheedung.

De Fernand Kartheiser freet ënner anerem: „Ass den Här Minister bereet scho kuerzfristeg rechtlech Moossnahmen ze huele respektiv ze proposéieren fir d’Ausübung vum Besuchsrecht zu Lëtzebuerg besser ze garantéieren a Behënnerunge vum Besuchsrecht efficace ze sanktionéieren?“

Deel dëse Post: