Beruffer am Gesondheetssecteur attraktiv erhalen

De “Conseil Supérieur de Certaines Professions de Santé” (CSCPS) regroupéiert Vertrieder aus de verschiddenste Gesondheetsberuffer; et representéiert een domat ronn 15.000 Leit zu Lëtzebuerg. D’CSCPS huet déi wichteg Aufgab, dem Uleies vun engem risege Beruffssecteur eng Stëmm ze ginn. Et muss een dobäi wëssen, datt déi Responsabel vum Conseil hir Aufgab all éierenamtlech ausféieren. Leider bleift déi néideg Unerkennung fir den CSCPS dacks aus, et fuerdert een z.B. scho säit laangem eng Upassung vum Gesetz iwwert d’Revalorisatioun vun de Gesondheetsberuffer, déi den aktuellen Ëmstänn am Gesondheetssecteur Rechnung dréit. De Conseil setzt sech desweideren dofir an, datt Beruffszweiger, déi sech enger ganzheetlecher Behandlungsmethod verschriwwen hunn (als Beispill gouf hei den Osteopath genannt) och déi néideg gesetzlech Kaderbedéngunge virfannen, fir hire Beruff entspriechend onofhängeg a mat der néideger Valorisatioun kënnen auszeüben. E weideren Uleies vum CSCPS ass, datt een och ënnerhalb vum Gesondheetssecteur Fortbildungsméiglechkeete ubidde muss, esou dat z.B. d’Aide-soignante sech nach kann zur Infirmière weiderbilden. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet vill Versteesdemech gewise fir d’Fuerderunge vum Conseil an huet betount, datt et d’Roll vun der Politik ass, deene Fuerderunge Rechnung ze droen. 

Den CSCPS war vertrueden duerch d’Vizepresidentin Brigitte Schmitz an de Generalsekretär Oliver Koch.

Deel dëse Post: