Datt mëttlerweil vill Zeitungsartikelen den Androck vermëttelen, datt se mat Hëllef vu KI redigéiert goufen, léisst sech net vun der Hand weisen. Dat wërft awer eng Rei Froen op, déi den Tom Weidig an den Dan Hardy der Regierung stellen.
Fro:
Verschidde Leit hunn eis matgedeelt, datt si besuergt sinn, wéi Zeitunge Journalismus mat KI-Tools verwässeren, respektiv ersetzen, och fir Suen ze spueren. Artikele géife mat AI-Tools iwwersat ginn oder komplett oder deelweis geschriwwe ginn. Si empfannen dës Entwécklung als Mëssbrauch vu Steiersuen, well dës Artikele jo kee richtege Méiwäert duerstelle géintiwwer dem Originalartikel an doduerch keng zousätzlech Pressehëllef justifiéieren. Dëst trëfft ëmsou méi zou, wéi hautdesdaags jiddwereen Zougang zu LLMs (“Large Language Models” wéi ChatGPT) huet a selwer en Artikel generéiere kéint. Beweise léisst sech dës ugeprangert Form vu KI-Mëssbrauch an de wéinegste Fäll, mee et ass virauszegesinn, datt eleng de Verdacht op KI-Mëssbrauch net wéineg Lieser dozou beweege wäert, hiert Zeitungsabo ze iwwerdenken.
An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’Madamm Minister:
- Wéi bewäert d’Madamm Minister déi geäussert Kritik um Asaz vu KI-generéierten Inhalter duerch subventionéiert Presseorganer?
- Si Presseorganer dozou verflicht, hir Lieser driwwer a Kenntnis ze setzen, datt a wéi eng Inhalter duerch KI generéiert oder iwwersat goufen? Wann net: Ass esou eng Informatiounsflicht fir d’Zukunft virgesinn?
- Wéi stellt d‘Regierung sécher, dass staatlech Subventiounen net zur Finanzéierung vu qualitativ mannerwäertegem KI-Journalismus benotzt ginn?
- Ass virgesinn, d’Héicht vun der Pressehëllef an Zukunft méi staark wéi bis elo u journalistesch Recherche an effektiv redaktionell Aarbecht ze knäppen, a manner u formal Krittären?
- Plangt d‘Regierung eng ëffentlech Debatt zur Roll vu KI am Journalismus an déi doraus resultéierend Auswierkungen op d‘demokratesch Meenungsbildung zu Lëtzebuerg?
Äntwert:
1) All d’Medie stinn haut viru groussen Erausfuerderungen duerch d’Verbreedung vu KI, a besonnesch der Erausfuerderung vun engem méigleche Vertrauensverloscht an de Journalismus, ënner anerem duerch e Mangel un Transparenz oder Verständnis vum Asaz vu KI-Instrumenter an de Redaktiounen. KI huet donieft awer och Virdeeler fir Medien a kann Aarbechtsprozesser vereinfachen, d’Accessibilitéit vun Informatioune begënschtegen, Donnéeë rassembléieren an zur Verifikatioun vun Donnéeë benotzt ginn an domat zur Qualitéit vun der Informatioun bäidroen. Dëst kann natierlech net ouni mënschleche Contrôle geschéien an d’redaktionell Onofhängegkeet a Qualitéit dierf heiduerch net negativ impaktéiert ginn; déi traditionell journalistesch Valeure mussen och bei der Utilisatioun vu KI héichgehal ginn.
2) Den europäesche Reglement (UE) 2024/1689 iwwert KI, och nach AI Act genannt, gesäit vir, datt Benotzer vun engem KI-System, deen Texter generéiert oder verännert, déi publizéiert ginn, fir de Public iwwer Theme vun ëffentlechem Interessi ze informéieren, mussen uginn, datt den Text vun enger KI generéiert oder verännert gouf. Dës Verpflichtung gëllt net, wann den duerch KI generéierten Inhalt engem mënschleche Contrôle oder engem redaktionelle Kontrollprozess ënnerläit oder wann eng natierlech oder juristesch Persoun d’redaktionell Verantwortung fir d’Publikatioun vum Inhalt iwwerhëlt. Laut dem Gesetzesprojet No. 8476 wäert d’ALIA fir d’Iwwerwaachung vun dëser Bestëmmung zoustänneg sinn. Och den Deontologiekodex vum Presserot gesäit vir, datt d’deontologesch Prinzippien och beim Schaffe mat KI respektéiert ginn, datt en editoriale, mënschleche Contrôle ëmmer noutwendeg bleift virun der Publicatioun oder Diffusioun vu Contenu, dee mat Hëllef vu KI entstan ass, an datt de Public iwwert d’Utilisatioun vu KI informéiert gëtt, wann de publizéierten oder diffuséierte Contenu net haaptsächlech vun engem Mënsch generéiert gouf.
3) D‘Pressehëllef kann dem Gesetz vum 30 juillet 2021 relative à un régime d’aides en faveur du journalisme professionnel nëmmen u Publications de presse vergi ginn, déi definéiert sinn als « collection composée principalement d’œuvres littéraires de nature journalistique bénéficiant de la protection octroyée par les droits d’auteur ». Eng Publicatioun déi majoritär aus KI-Inhalter besteet, déi also net vun Droits d’auteurs couvréiert sinn, ass deemno net eligibel fir d’Pressehëllef. Doriwwer eraus musse fir d’Pressehëllef eligibel Publicatiounen aus enger Redaktioun vu professionelle Journaliste bestoen, also Journaliste mat Pressekaart, déi den Deontologiecode vum Presserot respektéiere mat den uewe genannten Dispositiounen zu dem Gebrauch vun der KI.
4) Wéi gesot steet d’journalistesch Aarbecht am Zentrum vum Gesetz vum 30 Juli 2021. D‘Gesetz gesäit ausserdeem schonn eng Rei Moossnamen en faveur vun der journalistescher Aarbecht an der Mediebildung vir, wéi z.B. d’Obligatioun vun engem annuelle Plan de formation fir d’Journalisten an Transparenzobligatioune betreffend Mediebildungsmoossnamen.
5) D’Regierung hat den 22. Oktober 2024 eng gutt besichten ëffentlech Konferenz organiséiert zum Sujet L’utilisation de l’IA dans les contenus journalistiques mat Experten déi e.a. Froen zur Ethik, Deontologie, Qualitéit a Pluralismus vun Informatiounen abordéiert huet. Den Impakt vu KI op den demokrateschen Discours ass och e wichtegen Deel vun der nationaler KI-Strategie, déi am Mee 2025 virgestallt ginn ass. Des Weideren ass den Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda 2022 an den Expertscomité vum Europarot Comité d’experts sur le renforcement de la résilience des médias (MSI-RES) gewielt ginn an huet aktiv un der Elaboratioun vun de Lignes directrices sur la mise en œuvre responsable des systèmes d’intelligence artificielle (IA) dans le journalisme matgeschafft. Dës Lignes directrices goufen am Dezember 2023 adoptéiert an dem Presserot weidergeleet.
Foto Copyright: Pixabay