Benevoller bei Esch2022

2022 ass Esch, zesumme mat 18 Nopeschgemengen aus der Minett („ProSud“) an aus Frankräich, Kulturhaaptstad vun Europa, eng Éier, déi sech Esch mat Kaunas (Litauen) an Novi Sad (Serbien) deelt. Am Virfeld vun deenen iwwer 2000 Eventer vun Esch2022 goufe Benevoller („REMIXER“) gesicht, déi geziilt, z.B. a Seminären, op hir Aufgabe virbereet goufen. D’Organisateure vun Esch2022 hate kuerz virum offizielle Start vum Kulturjoer verroden, datt si wärend dem Kulturjoer nach 1000 zousätzlech Benevoller siche géifen. Um Site vun Esch2022 gouf preziséiert, datt dat haaptsächlech Leit aus der Regioun sollte sinn, well déi am beschten deenen „ongezielte Visiteuren“ hir Regioun erklären a méi no brénge kéinten. Wat weess d’Regierung iwwer de Profil vun dëse Benevoller (Geschlecht, Alter, Nationalitéit, Schoulausbildung, asw.)? Wéi vill vun dëse Benevoller stamen aus enger vun den 19 Gemengen, déi um Kulturjoer bedeelegt sinn?

Deel dëse Post: