Benennung vun der Nationalitéit vun Täteren

Am gréissten däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen soll an Zukunft ëmmer d’Nationalitéit vun Tätere genannt ginn. Wier dat net och eng Iddi fir Lëtzebuerg? De Fred Keup an den Tom Weidig froen de Policeminister.

Fro:

An den Analyse vun de Policeberichter vun 2010 bis 2017 stinn detailléiert Statistiken a Beschreiwunge vun enger Rei vun Infraktiounen dran. Zum Beispill: Am Joer 2011 goufen 2.744 Fäll vu kierperlecher Gewalt (coups et blessures) a 70 Fäll vu Vergewaltegungen dokumentéiert. Och d’Nationalitéite vun den Täter ënner 25 Joer goufen opgelëscht. Am Joer 2016 goufen 2.851 Fäll vu kierperlecher Gewalt an 106 Fäll vu sexueller Gewalt verëffentlecht.

No 2017 sinn dës Kategorië manner detailléiert oder kommen net méi vir. Zum Beispill: Am Joer 2019 goufen nëmmen allgemeng Zuelen iwwer Gewalt géint Persoune verëffentlecht, ouni detailléiert Opdeelung no kierperlecher oder zum Beispill sexueller Gewalt. Am Joer 2023 goufen d’Fäll vu Gewalt géint Persounen an engem allgemenge Rapport iwwer Kriminalitéit zesummegefaasst, ouni spezifesch Statistiken an ouni Oplëschtung vun den Nationalitéiten.

An deem Zesummenhang géife mir dem Här Policeminister gär dës Froe stellen:

  • Firwat ginn dës detailléiert Informatiounen net méi publizéiert?
  • Gesäit d’Regierung bestëmmten Donnéeën als ze sensibel un, fir se mat der selwechter Prezisioun wéi virun 2017 ze verëffentlechen? Wa jo, wat sinn déi spezifesch Bedenken a wéi eng Donnéeë betrëfft dat?
  • An Däitschland fuerderen ënnert anerem d’CDU an d’FDP beispillsweis och Informatiounen iwwer d’Nationalitéit an d’Originne vun den Täter, fir esou duerch en Täterprofilregëster iwwerhaapt eng adequat Preventiounsaarbecht ze maachen. Sou huet den CDU-Banneminister vun Nordrhein-Westfalen, den Herbert Reul, decidéiert, datt an Zukunft d’Nationalitéit vun all zweiwelsfräi identifizéiertem Tatverdächtegte genannt muss ginn, egal ob et sech ëm däitsch Staatsbierger oder Auslänner handelt. Gesäit d’Regierung dëst als méiglech Strategie, fir méi effizient géint Kriminalitéit virzegoen? A wann neen, op wat baut d’Preventiounsaarbecht aktuell op?
  • Huet d’Regierung Informatiounen iwwer den aktuelle Residenzstatus vun den Täter, besonnesch a Bezuch op den Openthaltsstatus? A wa jo, kéint d’Regierung dës Statistik verëffentlechen an, am Fall vun engem Asylstatus, preziséieren, wou sech déi Persoun an der Prozedur befënnt (zum Beispill: Asyl ugefrot, ugeholl, ofgeleent, temporär)?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Bierger e Recht op Informatioune betreffend d’Nationalitéit, d’Originne wéi och den Openthaltsstatus vun den Täter hunn?

Äntwert:

Ech beäntwerten des Fro als Inneminister deen ënner anerem zoustänneg ass fir bannenzeg Secherheet. D’Policestatistiken, déi ech dëst d’lescht Joer fir d’éischt presentéiert hunn, sinn d’selwecht opgebaut wéi d’Policestatistiken déi meng Virgänger déi Jore virdru presentéiert hunn. Well d’Fro sech méi spezifesch ob kierperlech Gewalt a Vergewaltegunge bezitt, wëll ech ervirhiewen dass an de Statistike vun 2023, d’Catégorien “meurtres/assassinats”, “coups et blessures volontaires” “viol ou attentat à la pudeur” opgelëscht sinn, grad wéi déi lescht Joren an de Policestatistiken. D’Police stellt des Statistiken mëttels automatiséierte Recherchen op. D’Datebanke vun der Police sinn deemno esou configuréiert, dass si Donnéeën zu ëmmer deene selwechte Krittäre liwweren. Esou sinn d’Resultater ëmmer d’selwecht opgebaut, novollzéibar an vergläichbar.
Spezifesch am Beräich vu sexueller Gewalt sinn zu Lëtzebuerg méi Akteure bedeelegt, déi reegelméisseg an hirem Expertiseberäich Zuelen an Statistiken veröffentlechen, notamment de Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit an Zesummenaarbecht mat der Zivilgesellschaft. Wann ech d’Uleies vun den honorabelen Deputéierten richteg deiten, geet et hei eigentlech an virun allem em d’ Nationalitéit an d’Mise en place vun engem “Täterregister” op Basis vun der Nationalitéit, an em den “Residenzstatus” an “Openthaltstsatus” vun den “Täter”.
Des Fro ass jo éischter eng populistesch Fro. Ech hat scho virun e puer Méint dem honorabelen Deputéierte Fred Keup a menger Äntwert op d’Fro n°833 erklärt, dass d’Police keng Statistiken iwwert Nationalitéiten féiert. D’Police féiert och keng Statistiken iwwert de Residenz-oder Openthaltstatus vu presuméierten Täter. D’Preventiounsaarbecht vun der Police baséiert op der Analyse vun de Phenomener vun der Kriminalitéit an op dem Virgoe vun den Täter, och “Modus Operandi” genannt, a versicht d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren an ze beroden, fir ze vermeiden, dat se Affer vu Strofdote gëtt. Et gëtt keen Ënnerscheed tëscht den Nationalitéiten, Reliounen an Originne vun den Täter gemaach. Och d’Fro vun den honorabelen Deputéierten, ob d’Regierung der Meenung ass, datt d’Bierger e Recht hätt op Informatioune betreffend d’Nationalitéit, d’Originne wéi och den Openthaltsstatus vun den Täter ass pure Populismus.
De Bierger huet e Recht op Sécherheet. Dat ass d’Haaptmissioun vun der Police, déi si dagdeeglech fir de Bierger assuréiert. Doriwwer eraus informéiert d’Police daagdechlech an hierem Bulletin de Presse iwwer
Strofdoten.
Des Regierung huet sech engagéiert dofir ze suergen, dass mir eng modern, effektiv a gutt equipéiert Police hunn an huet scho konkret Moossnamen an deem Sënn geholl, wéi zum Beispill de massiven Recrutement. Ausserdem ass ee Projet de loi an der Chamber deposéiert gin fir de Platzverweis renforcé anzeféieren.

 

 

Deel dëse Post: