Bëllege Virworf vu Populismus

E virale politesche Video op Facebook … do kann nëmmen de Gast Gibéryen derhannert stiechen. Den Zersummeschnëtt vum ADR-Deputéierte senger Chamberried iwwert d’Wunnengen huet iwwert 200.000 Leit erreecht, huet méi wéi 1.000 Kommentaren, ass bal 4.500 Mol gedeelt an iwwer 3.000 Mol geliked ginn. An dat a knapps enger Woch. Dobäi gëtt et bal nëmmen Zoustëmmung fir den  laangjärege Politiker. D’Leit si begeeschtert.  Viral!
Dat passt Leit vun anere Parteien net. Aus gréngen a bloen Kreesser kënnt als eenzeg Äntwert de kale Kaffi vum “béise” Populismus. Wéi bëllech dat ass, weist d’Press. “Reporter” huet sech mat dem Gast senger Ried ausféierlech befaasst an hält den Daum héich: D’Ried besteet de journalistesche Faktencheck.

Deel dëse Post: