Bekennt d’Regierung sech nach zur Sprangpressessioun?

D’Iechternacher Sprangpressessioun gëtt all Joer op Päischtdënschdeg zu Iechternach ofgehalen an ass zënter 2010 op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet. De Lëtzebuerger Staat ass dann och duerch eng UNESCO-Konventioun verflicht fir all noutwendeg Moossnamen ze ergräife fir d’Sprangpressessioun ze erhalen an ze schützen. Trotzdeem huet de Minister Meisch 2018 de schoulfräie Päischtdënschdeg ofgeschaaft. Dës Joer fält de Päischtdënschdeg net an d’Päischtvakanz. All déi Schüler, déi vun hiren Elteren net explizitt fräigestallt ginn, mussen normal an d’Schoul. Eng Decisioun mat héijer Symbolkraaft an e kloert Bekenntnis géint dës al Lëtzebuerger Traditioun! Muss d’Sprangpressessioun herno nach virun amplaz duerch d’Regierung geschützt ginn?

Deel dëse Post: