Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Chancegläichheet weiderzeleeden.

An Norwegen gouf et elo eng grouss Diskussioun ëm d’Resultat vun enger joerzéngtelaanger, sougenanntener « Gender »-orientéierter Beruffsberodung. Et huet sech erausgestallt, datt d’Meedercher nach ëmmer léiwer an traditionell Fraeberuffer ginn, an d’Jonge léiwer méi traditionell Männerberuffer wielen. An Norwegen ass den Ënnerscheed esouguer nach méi markant wéi an deene meeschten anere Länner. Falls d’Genderideologie Recht gehat hätt, an déi sougenannten « Geschlechterrollen » an doriwwer raus d’Ënnerscheeder tëschent de Geschlechter op reng gesellschaftleche Facteuren, wéi z.B. edukativen oder sozialiséierungsbedéngte Verhalensschemata, beroue géifen, dann hätten déi Beruffspreferenze sech scho ganz laang misse statistesch ausgläichen. 

Et wor de norwegesche Soziolog Harald Neia, deen dës Debatt ugestouss huet. Déi Diskussioun, déi doropshi gefouert gouf, huet op en Neits gewisen, datt d’Behaaptunge vun der Genderideologie an eklatantem Widdersproch zu biologeschen, geneteschen, hormonellen, neurologeschen an anere wëssenschaftleche Fuerschungen iwwer d’Geschlechterënnerscheeder stinn. Schliisslech ass am Dezember 2011 decidéiert ginn, fir den Nordesche Gender-Institut NIKK zouzemaachen.

Opgrond vun dësen Entwécklunge wollt ech dës Froen un d’Madame Ministesch fir Chancegläichheet stellen:

  1. Gëtt et laangfristeg statistesch Studien iwwer d’Beruffswiel vun de Jongen a Meedercher zu Lëtzebuerg ? Huet sech an deene Joeren, zënter datt et e Girl’s Day (an accessoirement e Boy’s Day) gëtt, iergendeng statistesch signifikant Ännerung bei der Beruffswiel vun de Geschlechter erginn ?
  2. Gëtt et Erkenntnisser, wéi vill Meedercher, déi e méi traditionelle Männerberuff gewielt hunn, laangfristeg an deem Beruff bliwwe sinn ? Gëtt et Erkenntnisser, wéi vill Jongen, déi méi en traditionelle Fraeberuff gewielt hunn, laangfristeg an deem Beruff bliwwe sinn ?
  3. Wéi vill Sue sinn insgesamt an de Girl’s Day (Boy’s day) gestach ginn, zënter datt et déi Initiativ gëtt ? Wéi héich ass de Montant, deen d’Regierung iwwerholl huet?
  4. Denkt d’Regierung drun, de Girl’s Day (Boy’s day), besonnesch och opgrond vun deene rezenten Debatten an deenen nordesche Länner, ofzeschafen ?
  5. Ass d’Regierung grondsätzlech der Meenung, datt de Staat iwwerhaapt dat Recht huet, sech an déi perséinlech Beruffsdecisioune vun deene jonke Leit anzemëschen ? Sollt de Staat sech net drop beschränke fir jonk Leit iwwer Beruffer, Chancen, Risiken, Bildungsweeër an Ausbildunge méiglechst objektiv z’informéieren awer ouni sech anzemëschen oder probéieren d’Leit ze beaflossen ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Françoise Hetto-Gaasch, Ministre de l’Egalité des Chances

1. Fir dass d’Gläichstellung tëschent Männer a Fraen eng Realitéit gëtt, muss op ville Plang geschafft ginn. Ee vun deene Plâng ass den Aarbechtsmaart an d’Virbereedung dorop, also d’Schoul an d’Ausbildung.

Laangfristegt Zil ass eng méi equilibréiert Representatioun vu Mânner a Fraen an alle Beräicher vum Liewen.

An deem Kontext ass et wichteg, d’Leit ze informéieren an ze sensibiliséieren an hinnen Alternative virzestellen, fir eppes u verschiddene Situatiounen ze ânneren, wann si dat da wëllen.

Dat ass justement och d’Objektiv vum Girls’Day/Boys’Day (GDBD) am Beräich vun der Beruffsorientéierung.

Wéi schonn aus der Äntwert op d’parlamentaresch Ufro n“ 714 vun der honorabeler Deputéierter Viviane Loschetter ervirgeet, hält d’Regierung un der Organisatioun vum GDBD fest:

“ L’organisation de cette joumée rencontre parfaitement les objectifs de la stratégie 2020 de l’Union européenne, notamment en matière

– de lutte contre la ségrégation professionnelle ;

– d’augmentation des taux d’emploi et du taux d’emploi féminin en particulier ;

– de réduction du taux d’abandon scolaire et d’atteinte des objectifs fixés en matière de niveau de qualification des jeunes ;

– d’augmentation de l’intérêt pour la recherche et l’innovation ;

– d’amélioration de la transition entre éducation et marché du travail.

L’initiative rentre cependant avant tout dans un contexte d’optimisation continue du système d’orientation professionnelle en offrant aux jeunes une prise de connaissance à la fois très large et très concrète des différents métiers et professions existants et en essayant d’éliminer les vues stéréotypées susceptibles d’influencer ou de guider les choix professionnels des jeunes en fonction de leur sexe. “

2. Wat de Budget vum GDBD ugeet, ginn, fir d’Joren 2002-2010, aus dem Tableau hei ënnendrënner ervir, e Gesamtcoût vun € 428.497,09 an eng Participatioun vum Staat vun €289.619,08.

Fir d’Joer 2011 huet de Service vun der Orientation professionnelle vun der ADEM € 28.000 zur Verfügung.

3. Wat elo de konkreten Impakt vum GDBD op d’Beruffswiel vun de Meedercher an de Jongen ass, ass ganz schwéier ze beweisen.

Verschidden Elementer erlaben eis awer, Tendenzen ze erkennen:

• Aus de Statistike vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAl) geet ervir, dass am Laf vun de Jore vill méi Fraen déi 2 Beruffer wielen : 1995 waren 3,23% vun den Architekten, fakultativ oder obligatoresch Membere vun der OAI, Fraen; 2005 waren et der 5,81% an 2011 6,67%.

Bei den Ingénieurs-Conseils, fakultativ oder obligatoresch Membere vun der OAl, ass d’Situatioun folgend: 1995 waren 19,96% Fraen, 2005 22,85% an 2011 27,21%.

• D’Zuelen iwwert d’Finanzhëllefen, déi de Ministère de l’Enseignement supérieur et de la recherche accordéiert, weise fir d’Joer 2010/2011 am Beräich „Architecture“ 226 Fraen an 208 Mânner aus, am Beräich „Ingénieur“ 131 Fraen an 801 Mann.

D’nächst Joer feiert de Girls’Day sain 10. Gebuertsdag. Ech ka mer virstellen, bei där Geleeënheet eng méi detailléiert a fondéiert Analys maachen ze loossen iwwert de Suivi vun deene Jonken, déi um GDBD deelgeholl hunn, a méi spezifesch vun de Meedercher, déi ganz am Ufank dobài waren an entre-temps hir Studië missten ofgeschloss hunn.