[BEÄNTWERT] Sécurité des gratte-ciel

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

Besonnesch am Quartier vum Kierchbierg, ma och op aner Plaze wéi op Belval, ginn ëmmer méi Héichhäiser gebaut a geplangt. E rezente PAP gesäit och esou Tierm fir Wunnzwecker vit.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Inneminister dës Froe stellen:

1. Hunn d’Pompjeescorpsen dat gëeegent Material, an dëst och an der néideger Quantitéit, fir am Fall vun engem Brand an den Héichhäiser kënne sënnvoll z’ intervenéieren ?

2. Verfügen d’Pompjeeën iwwert déi néideg Formatiounen an Übunge fir e Brand an engem Héichhaus ze bekämpfen an d’Leit z’evakuéieren ?

3. Si fir Leit, déi an esou Héichhaiser schaffen oder wunnen, Evakuatiounsübunge virgeschriwwen? Si schonns esou Übungen duerchgeféiert ginn a mat wéi engem Résultat ?

4. Wéi eng Norme musse beim Bau vun engem Héichhaus respektéiert ginn, souwuel fir de Risque vu Feier wéi vun Äerdbiewen ? Wie kontrolléiert, ob dës Normen agehale ginn? Si schonns Verstéiss géint dës Norme festgestallt ginn ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse du Ministre de l’Intérieur et à la Grande Région et du Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Immigration à question N°2452 de Monsieur Fernand Kartheiser concernant Sécurité des gratte-ciel

Deel dëse Post: