[BEÄNTWERT] Entrevue de Monsieur le Ministre des Affaires étrangères avec son homologue brésilien

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bausseminister weiderzeleeden.

Bannen e puer Wochen ass den Här Minister Asselborn zwee Mol a Brasilien geflunn, fir säin Homolog zu Brasilia  ze treffen. De Bausseministère huet an där Saach bis well dräi Communiquée publizéiert: een de 16. Mäerz, dann een de 17. Mäerz an elo nees een den 1. Abrëll.

Op déi Manéier gouf d’Ëffentlechkeet doriwwer informéiert, datt dem Här Minister Asselborn säi Rendez-vous mat sengem brasilianeschen Homolog a leschter Minutt ofgesot gouf. Déi éischt Rees huet also schlussendlech nëmmen dozou gedéngt, fir zwee lëtzebuergesch Honorarkonsulen a Brasilien ze besichen, een zu São Paulo an een zu Rio de Janeiro. Den Här Asselborn ass den 2. an 3. Abrëll nach eemol a Brasilien geflunn, fir dee Rendez-vous nozehuelen.

Als Uersaach fir de geplatzte Rendez-vous mat Senger Exzellenz dem Här Antonio de Aguiar Patriota goufen „circonstances exceptionnelles“ genannt an d’Annulatioun wär an der leschter Minutt geschitt. Et ass an der Diplomatie méi wéi aussergewéinlech, datt e Gaascht, dee vun esou wäit kënnt, net empfaang gëtt. Wann dat dann sou gewiescht wär, da wär et och éischter un dem brasilianesche Minister gewiescht fir de Geste ze maachen an op Lëtzebuerg ze kommen.

An deem Zesummenhank wollt ech dem Här Minister Asselborn dës Froe stellen :

  1. Wat woren déi « circonstances exceptionnelles », déi a leschter Minutt zu der Annulatioun vum Här Minister Asselborn sengem Rendez-vous mat sengem brasilianeschen Homolog geféiert hunn ?
  2. Wor déi Rees gutt genuch preparéiert ? Hätt et gehollef, wa mir e residenten Ambassadeur zu Brasilia gehat hätten, amplaz datt probéiert get fir esou Rendez-vouse vu Lëtzebuerg aus ze arrangéieren ?
  3. Wéi vill Leit wore bei där éischter Rees dobäi (Politiker,Fonctionnairen, Journalisten, Vertrieder vun der Economie, evtl. nach anerer) ? Wéi vill huet déi Rees am Ganze kascht (Fligerbilljeeën oder Locatioun vun engem Fliger, Hotellen, aner Fraisen) ?
  4. Wéi eng Konsequenze ginn aus dëser Affär gezunn ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Jean Asselborn, Ministre des Affaires étrangères

Deel dëse Post: