Bauschutt: ADR deckt negativt Beispill op!

An der Gemeng Feelen an der Zone Verte, matten am Bësch, gëtt eng Bauschutt- a Buedemdeponie bedriwwen. („Auf Loderbusch“) Den iwwer een Hektar grousse Site gehéiert zënter kuerzem der Gemeng Feelen. De 25.Mee 2022, an enger Sëtzung vum Gemengerot,  huet de Conseiller Guy Arend dem Här Buergermeeschter d’Fro gestallt ob eng Autorisatioun fir déi Deponie virläit. Dësen huet doropshin geäntwert datt hien just eng mëndlech Autorisatioun vun der Naturverwaltung hätt, weider huet de Buergermeeschter geäntwert datt hie soss keng Detailer zu der Deponie wëll ginn. Wann esou eng Erlabnis virläit, misst d’Ëmweltministesch op d’mannst am Bild doriwwer sinn!

Kommentar vum Dan Hardy, Vize-President, an der Zeitung “Lëtzebuerger Land” vum 26.August 2022:

 Bauschutt: Kee schéint Beispill!         

Quasi néirens an Europa boomt de Bausecteur esou staark wéi zu Lëtzebuerg, wat, wéi gewosst, virun allem op dee staarke Wuesstem vun der Populatioun zeréckzeféieren ass. Kee Land an der EU wiisst prozentual gesinn esou séier wéi Lëtzebuerg. Dësen Turbo-Wuesstem huet bekanntlech eng Rei negativ Auswierkungen. Dorënner d’Problematik vum Bauschutt, mat deem d‘Entrepreneuren aus der Baubranche zënter Jore konfrontéiert sinn. Bauschutt, deen och dacks an d’Groussregioun – legal, ma leider och illegal − transportéiert gëtt, well d’Deponien heiheem iwwerlaascht sinn. Dës Urgence, wat d’Offäll, déi an der Konstruktioun entstinn, ugeet, däerf awer net zu engem liichtfankegen Ëmgang mat dëser Zort Offall féieren! Fir datt d’Ëmwelt an d’Natur esou mann wéi méiglech belaascht ginn, muss weider op eng konsequent Trennung vun deenen am Bauschutt zum Deel gëftege Stoffer gesat ginn. Wann et hei zu Abuse kënnt, respektiv op Plazen am Gréngs getippt gëtt, déi net dofir virgesi sinn, däerf dat kee Kavaléiersdelikt sinn, an d’Strofen, déi fir den Net-Respekt vum Gesetz virgesi sinn, musse streng applizéiert ginn!

Datt et och eenzel Gemenge ginn, déi et mat dëser Zort Offall net ëmmer esou genee huelen, weist en aktuelle Fall vun enger Bauschutt-a-Buedem-Deponie an der Gemeng Feelen, déi net déi néideg Autorisatiounen huet. Dat och nach matten an der Zone Verte am Bësch op engem iwwer een Hektar groussen Terrain, deen der Gemeng gehéiert. D‘Affär ass elo duerch d’ADR un d’Liicht komm, wéi de Gemengeconseiller Guy Arend an Uecht geholl hat, datt am Bësch zu Nidderfeelen relativ massiv Bauschutt a Buedem getippt gëtt, an dat och nach ouni gesënnert ze ginn. Fir do Plaz ze schafen, sinn esouguer och nach eng Rei Beem einfach ëmgerappt ginn. De Guy Arend huet doropshin de Buergermeeschter vu Feelen, Enn Mee, am Gemengerot zur Ried gestallt. Dëse sot, datt hien eng mëndlech Geneemegung vun der Naturverwaltung kritt hätt, a wollt weider keng aner Detailer ginn. Laut Gesetz gëtt et awer am Prinzip keng esou Form vu mëndlecher Autorisatioun, esou datt et ganz probabel ass, datt déi Deponie net uerdnungsgemäss bedriwwe gëtt.

De Member vum Gemengerot huet du virun engem Mount de Parquet mat dëser Affär saiséiert. Bis ewell ass awer nach näischt geschitt. Et ass effektiv um Parquet, fir déi zoustänneg Autoritéiten an d’Bild ze setzen, datt dës, de Fall gesat, d’Deponie zoumaache kënnen. Ma et läit jo vläicht um  Congé Judiciaire, datt näischt geschitt. Op alle Fall ass de Bauer Arend, nach de 24. August, um Site passéiert a konnt sech vergewësseren, datt do nach ëmmer weider getippt gëtt.

An der rezenter Vergaangenheet huet sech erausgestallt, datt den Ëmweltministère an déi zoustänneg Verwaltunge mol gär en An zougedréckt hunn, wann et ëm eenzel Autorisatioune geet, den Normalbierger am Kader vum Naturschutzgesetz dofir awer och mol reegelrecht schikanéiert gëtt.

De Fazit ass, datt et hei am Land ëmmer nees d’ADR ass, déi sech Dossieren unhëlt, wou et ëm de Schutz vun der Natur geet, eppes, wat een éischter vu bestëmmten anere Parteien erwaarde kéint. Den Nord-Deputéierte Jeff Engelen verlaangt elo iwwerdeems um parlamentaresche Wee Rechenschaft vun der neier „grénger“ Ëmweltministesch Joëlle Welfring, mat virop der Fro vun der Legalitéit vun der ominéiser mëndlecher Erlabnis, fir en Tipp matten am Bësch zu Nidderfeelen ze bedreiwen!

 

Deel dëse Post: