Bauprojete vum “Fonds du logement”: visuell Katastrophen?

Ëm Bauprojeten, déi eis historesch Duerfkären zerstéieren, geet et bei der parl. Fro vum Alexandra Schoos a Fred Keup un de Kulturminister.

Fro:

Am LW-Leitartikel vum 9. September 2025 (“Öffentliche Bauprojekte zerstören Identität”) gëtt betount, datt dee mat Steiersue finanzéierte Fonds du logement mat sengen “Abrissprojekten” net nëmmen déi historesch Bausubstanz, mee och en Deel vun der nationaler Identitéit zerstéiert. Zugläich gëtt dem Lëtzebuerger Staat net nëmmen ugelaascht, eist Land visuell ze verschandelen, mee och e Manktem u Respekt virun eiser Geschicht ënner Beweis ze stellen, wat de Betruechter drun erënnert, datt den éischten nationale Kulturentwécklungsplang, deen am Optrag vum Kulturministär ausgeschafft an 2018 virgestallt gi war, effektiv zwar vill vum kulturelle Patrimoine vun eisem Land schwätzt, mee déi national Geschicht wäitestgehend ausklammert. Tëscht deenen “visuelle Katastrophen”, déi am mentionéierte Leitartikel bedauert ginn, an der Tatsaach, datt de KEP keng konkret Méiglechkeeten opweist, wéi een d’Lëtzebuerger Geschicht erëm méi staark am kollektive Gediechtnes vum Land verankere kéint, schéngt et also en Zesummenhang ze ginn.

An deem Zesummenhang hu mir follgend Froen un d’Regierung:

  1. Am LW-Leitartikel gëtt gefrot:“Warum zerstört ausgerechnet ein durch öffentliche Gelder finanzierter Fonds mit Abrissprojekten nicht nur historische Bausubstanz, sondern auch einen Teil der nationalen Identität?” Dës Fro gi mir un d’Regierung weider.
  2. Wéi bewäert d’Regierung d’Kritik, datt am Numm vum (sozialen) Wunnengsbau historesch Uertskären ëmmer méi duerch standardiséiert a kulturfriem Baustiler entwäert ginn?
  3. Am LW-Leitartikel heescht et: “Er [de Staat] sollte mit gutem Beispiel vorangehen in Sachen Bauqualität, Nachhaltigkeit und Respekt vor der Geschichte. Doch stattdessen agiert er oft wie ein gewöhnlicher Investor: Abriss statt Erhalt, Standardarchitektur statt Kulturkontext, kurzfristige Lösungen statt langfristiger Werte. Wenn schon der Staat die Baukultur missachtet, wer soll sie dann noch verteidigen?” Och dës Fro gi mir un d’Regierung weider.
  4. Schliisslech gëtt bedauert: “Dorfkerne sind mehr als Ansammlungen alter Häuser. Sie stiften Identität, schaffen Heimatgefühl, verbinden Generationen.” Geet d’Regierung dervun aus, datt Begrëffer wéi “Identität” an “Heimatgefühl” am Joer 2025 Anachronisme sinn?

Äntwert:

1.
De Fonds du Logement ass e wichtegen Acteur an der Protektioun an an der Konservéierung vu Gebaier. Am Laf vun de lëschte Joren huet de Fonds du Logement sëlleg Projete realiséiert déi d’Rehabilitatioun vum Patrimoine, dorënner d’Ëmännerung vum ale “Nelson Haff” zu Colmer-Bierg an e Foyer fir Jonker an an dräi Eefamilljenhaiser. Dëse Projet huet esouguer de ”Prix spécial Patrimoine” am Kader vum Bauhärepräis vum OAI am Joer 2020 gewonnen. De Fonds du Logement huet ënner anerem nach den ale “Haff Bredimus” zu Hunchereng a 14 Logementer, oder och nach d’Eefamilljenhaiser zu Iechternach, Heeschdref an an anere Gemenge restauréiert an transforméiert. Aktuell schafft de Fonds du Logement un der Rehabilitatioun vum Schlass zu Eesebuer, dem ale Klouschter zu Useldeng an dem ale Bauerenhaff zu Déiljen. Et sief erwäänt datt sëllegen Acteuren a Gemengen de Fonds du Logement kontaktéiere fir vu senge Kompetenzen am Kader vun der Renovatioun vu Patrimoine ze profitéieren.

2.
Och wann de Fonds du Logement en Acteur am Erhalt an an der Renovatioun vu Patrimoine ass, esou ass hien och en Acteur deen am Respekt vun de PAGen an de Bautereglementer schafft. All seng Projete gi mat der jeeweileger kommunaler Politik ofgestëmmt an an den zoustännege kommunale Servicer presentéiert an diskutéiert a mussen duerch d’kommunal Autorisatiounsprozedure goen. Am Kader vum Projet zu Greiweldeng, deen am Lëtzebuerger Wort vum 9. September 2025 erwäänt gëtt, sief erwäänt, datt kee Gebai méi um Terrain stoung ewéi dëse vum Fonds du Logement kaf gouf. Den neie Projet füügt sech harmonesch an de bebaute Bestand an. Wat de geplangte Bau vun zwou Wunnengen an Eefamilljenhaiser zu Lénger ugeet, sollt ee bedenken, datt um Site zënter e puer Joerzéngten eng Tankstell war. Dës Aktivitéit huet eng bedeitend Buedemverknaschtung verursaacht, déi sech ënner den ale Gebaier bis op de fräien Deel vum Terrain ausgebreet huet. D’Analysen hunn eng Kuelewaasserstoffverschmotzung bis zu enger Déift vu ronn 3 Meter nogewisen. D’Sanéierung vum Terrain huet dofir eng selektiv Ausgruewung vum verschmotzte Buedem an d’Ëmsetzung vun entspriechenden Andämmungs- a Dekontaminatiounsmoossnamen ëmfaasst. E PAP NQ war néideg fir eng kohärent an integréiert Entwécklung vum Site ze garantéieren, wat eng Gesamtreflexioun erfuerdert, déi iwwer eng Renovatioun vun existente Gebaier erausgeet.

3.
Wat d’Punkten 1 an 2 ugeet, ass de Fonds du Logement e passionéierte Verdeedeger an Acteur bei der Renovatioun vu gebautem Patrimoine. Vill aner nohalteg a qualitativ héichwäerteg Renovatioune goufe vum Fonds du Logement zënter 1979 am ganze Land duerchgefouert. D’Renovatioun vum Quartier Grund an der Stad Lëtzebuerg, dem Quartier Brill zu Diddeleng asw. siefen och nach erwäänt. De Fonds du Logement huet seng eege Strategie an eng Equipe, déi sech em d‘energeetesch Renovéierung vu sengem ganze gebaute Patrimoine këmmert, fir dësen ze erhalen a méi nohalteg ze maachen a weiderhin zu bezuelbare Loyere kënnen ze verloune fir ze verhënneren, datt d’Awunner an der Energieaarmut falen. Et sief awer och op de Revalorisatioun vum Patrimoine op de grousse Frichen am Land higewisen. Gebaier wéi den „Idéal“ zu Wooltz, d’Stolwierk oder och nach de “Laminoir” zu Diddeleng si nëmmen e puer Beispiller wou dëse staatlechen Acteur enorm Efforte mécht fir den Erhalt vum nationale Patrimoine ze garantéieren. Dëst gëllt och fir de Fonds Belval bei der Revalorisatioun an der Entwécklung vum Site Belval. D’Verwaltung fir ëffentlech Baute probéiert aus Grënn vun der „conservation patrimoniale“ an „économie des ressources“, wou et méiglech ass, de Bestand vun de Gebaier esou wäit méiglech ze erhalen an duerch entspriechend Renovatiounsprojeten d’Liewensdauer vun de Gebaier ze verlängeren. Och bei net klasséierte Gebaier versicht d’Verwaltung fir ëffentlech Bauten eng éischter behutsam Approche ze vertrieden, andeems an Zesummenaarbecht mam Institut national pour le patrimoine architectural Léisunge gesicht gi fir d‘Renovatioune méiglechst am Respekt vum Patrimoine ze plangen an ëmzesetzen.

4.
De gebaute Patrimoine stellt en integralen Deel vun eisem kulturellen Ierwen duer. Mam Patrimoinesgesetz vum 25.Februar 2022 huet de Staat sech d’Moyene ginn fir dëse Patrimoine z‘erhalen, ze schützen a valoriséieren, well en als Zeie vun eiser Geschicht eng wichteg Roll spillt. Dëst erlaabt et, dës Ressource op nohalteg Manéier un déi nächst Generatioune weiderzeginn. Fir d’Regierung sinn déi genannte Begrëffer deemno, am Bezuch op d’Erhalen an de Schutz vum gebaute Patrimoine, net aus der Zäit gefall. Et sief an deem Kontext och un d’Definitioun vum kulturellen Ierwen am Patrimoinesgesetz (Artikel 1) erënnert, déi sech explizitt op Valeuren, Croyancen, de Savoir an Traditiounen als Reflet vun eiser gemeinsamer Vergaangenheet bezitt.

Foto Copyright: Fonds du logement

Deel dëse Post: