Baueren-Alternativ: ophalen oder Schold maachen [Video]

Et ass eng traureg Alternativ, déi de Gast Gibéryen an der Debatt iwwer d’Agrargesetz an der Chamber, den 12. Mee, zeechent: E Bauer huet d’Wiel entweder opzehalen oder Schold ze maachen an ze investéieren. 40.000 Bauerebetriber hate mer virun 100 Joer an haut sinn et der nach grad 2.000. Virun därer schwiereger Situatioun kënnt e Gesetz, dat e Vakuum ausfëllt, deen 2014 entstan ass, wéi dat alt Gesetz ausgelaf ass. Kee Wonner, datt d’Bauere fannen, si géinge net respektéiert an als ausstierwende Beruffsstand behandelt ginn. passend dozou fannen si sech net vun “hirem” Minister vertrueden, dee nëmmen nach e “Maskottche vum Ëmweltminister” wär, seet de Gast Gibéryen.

Den ADR-Deputéierte verlaangt, datt de Bauer a seng Famill vun hirem Betrib kënne liewen a net just iwwerliewen. Hie fuerdert en Ëmdenke beim Konsument: ewech vu bëllege Produiten, fir datt de Bauer nees e faire Präis fir seng Wuer kritt. A wie Respekt virum Bauerestand seet, muss och kënnen e bësse Bulli op der Strooss, deen een oder aner Kouflapp an den Hunn, dee fréi mueres kréit, akzeptéieren. De Gast Gibéryen fuerdert Kompensatioune fir e Secteur, dee besonnesch ënnert de Russland-Sanktiounen ze leiden huet.

Een Deel vun dëser Ried – de Roy Reding als ADR-Agrarfachmann war leider krank – huet sech och mat de Virschrëften an Oplagen befaasst, ënnert deenen d’Bauere keimen. Kee Secteur wär méi deelweis onsënnege Kontrollen ënnerworf. Kee Bauer géing gären oder oniwwerluecht Pestiziden asetzen. Ann och wa vill Bauere wéilten investéieren, misste si sech nach duerch onsënneg bürokratesch Prozedure kämpfen, déi hinnen d’Liewe schwéier maachen.

Et war eng spannend Ried vum Gast Gibéryen, déi och gewisen huet, wéi konsequent d’ADR-Politik ass. Géint d’Auswierkungen vun de Russland-Sanktiounen hat de Fernand Kartheiser eng Motioun abruecht. Och eng parlamentaresch Fro ass dorop agaangen. Net méi spéit wéi den 11. Mee huet de Fernand Kartheiser eng weider Motioun agereecht, wou hie verlaangt, datt all Ëmweltgesetz misst seng Konsequenzen op Lëtzebuerger Betriber an besonnesch den Agrarsecteur ënnersichen (Impakt-Studie). An och am Hibléck op den Handelsvertrag TTIP, dee sech schro kann op den Agrarsecteur auswierken, huet eng ADR-Motioun verlaangt, datt d’Chamber do méi matzeschwätze kritt. Awer Gambia ass konsequent verbruecht: keng vun deenen Initiativen huet an hiren Aen Gnod fonnt, och wann d’TTIP-Motioun iwwerschafft ginn ass an der Chamber.

Deel dëse Post: