Bankgeheimnis: de Finanzminister kënnt, op Initiativ vun der ADR, en Donneschdeg an d’Chamber

No de rezenten Aussoe vum Finanzminister ëm d’Bankgeheimnis huet de Gast Gibéryen him eng Drénglechkeetsfro zu deem Thema adresséiert. De sougenanntene Caractère urgent vun där Fro gouf ugeholl. En Donneschdeg muss de Finanzminister an der Chamber dem ADR-Deputéierte Ried an Äntwert stoen.

A senger Drénglechkeetsfro wollt de Gast Gibéryen ënnert anerem wëssen, firwat d’Parlament net am viraus informéiert gouf an ob d’Aussoe vum Finanzminister mam Rescht vun der Regierung a mat de Vertrieder vun der Finanzplaz ofgeschwat waren. Den ADR-Deputéierten huet och gefrot, ob d’Regierung schonns eng Estimatioun gemaach hätt vun de Konsequenzen op d’Staatsrecetten.

Nieft senger Drénglechkeetsfro huet de Gast Gibéryen och eng zweete Kéier gefrot, datt d’Finanzcommissioun esou séier wéi méiglech zesummekënnt.  De FInanzminister misst convoquéiert ginn, fir sech net nëmmen zum Bankgeheimnis, mä och zur Situatioun op Zypern an zur Aféierung vun enger Finanztransaktiounssteier z’äusseren.

Echange automatique d’informations en matière d’impôts

Deel dëse Post: