Baisse vun der TVA fir d’HORESCA. Wat seet d’Regierung?

Vill Betriber aus dem HORESCA-Beräich sinn an enger schwiereger finanzieller Situatioun. An de Suitte vum Lockdown an der Coronakris geet et drëms fir Entloossungen a Faillitten esou wäit wéi méiglech ze verhënneren. D’ADR setzt sech derfir an, datt d’Hotelieren, d’Restaurateuren an d’Cafetieren am Land déi néideg Ënnerstëtzung vum Staat kréie, fir an Zukunft iwwert d’Ronne kënnen ze kommen. Eng gréisser Hëllef stellt eng méiglech Baisse vun der TVA fir den HORESCA-Secteur duer,  déi misst direkt spille, wann d’Betriber hir Dieren nees opmaachen däerfen. Nodeems des Steier vun 3 op 17% drastesch erop gesat gouf, soll d’Regierung déi ouni Weideres nees op 3% erofsetzen!

Deel dëse Post: