Baisse vun der TVA fir d’HORESCA? D’Regierung seet Nee!

Vill Betriber aus dem HORESCA-Beräich si bekanntlech an enger schwiereger finanzieller Situatioun. An de Suitte vum Lockdown an der Coronakris geet et drëms fir Entloossungen a Faillitten, esou wäit wéi méiglech, ze verhënneren. Well d’ADR sech derfir asetzt, datt d’Hotelieren, d’Restaurateuren an d’Cafetieren am Land déi néideg Ënnerstëtzung vum Staat kréien, fir iwwert d’Ronnen ze kommen, huet den ADR-Deputéierten Roy Reding eng Fuerderung vun der HORESCA opgegraff. Hien wollt vun der Regierung wëssen ob si bereet wär fir d’TVA um alkoholesche Gedrénks nees vu 17 op 3% erofzesetzen, esou wéi dat fréier de Fall war.

Hei déi knapp Äntwert: D’Regierung plangt keng Baisse vun der TVA um alkoholesche Gedrénks fir d’Acteuren aus dem HORESCA-Secteur.”

An Däitschland huet elo dogéint de Bundestag enger Baisse vun der TVA, net um Gedrénks, ma um Iessen zougestëmmt! Vum 1. Juli un geet domadder d’TVA vun 19% op 7% erof, wat awer op 1 Joer limitéiert ass. Esou soll den Acteuren aus der däitscher Gastronomie gehollef ginn fir en Deel vun hire Verloschter nees opzefänken!    

 

Deel dëse Post: