AWACS-Fligere mam roude Léiw awer iwwert Syrien?

Am Dossier vun den Awacs-Fligere ginn et nei Momenter. E Mëttwoch, de 15. Juni, hunn d’NATO Verdeedegungsminister an d’Ae gefaasst, der Anti-ISIL Koalitioun eng direkt Ënnerstëtzung unzebidden, mat AWACS Iwwerwaachungsgfligeren.
Um offizielle Site „Nato Airborne Early Warning & Control Force“ kann een och liesen, datt d’AWACS Fligeren an der Tierkei, op der Base vu Konya, stationéiert sinn, dëst zanter dem 12. Mäerz vun dësem Joer. Eng Foto weist e Flieger mam Emblème vum Roude Léiw virun engem Minarett.
Dowéinst huet de Fernand Kartheiser eng Rei Präzisiounen an nei Froe zu dësem Thema opgeworf.

Deel dëse Post: