Autos-Panne mat TTIP … an d’Auswierkungen?

Keen Accord em all Präis, seet de Bausseminister Jean Asselborn, wëll d’EU bei den TTIP-Verhandlungen. Hien äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser iwwer de Verlaf vun de Verhandlungen. Den ADR-Deputéierten hat Opklärung gefrot, nodeems kloer gouf, datt eng Etude iwwer d’Autossécherheet gewisen huet, datt no amerikaneschen Normen zougeloossen Autoen an Europa e Sécherheetsrisiko wären. Ee Punkt vun der Fro war och, wéi sech déi onerwaart Komplikatioun vum Dossier op de Kalenner vun den TTIP-Verhandlunge wäert auswierken.

Deel dëse Post: