Aussepolitik: Besser Relatioune mat Russland (VIDEO)

A senger aussepolitescher Ried huet de Fernand Kartheiser opgeruff, fir d’Relatiounen mat Russland ze verbesseren an en zweete Referendum fir d’Krim ënner internationaler Opsiicht proposéiert. “De Kale Krich ass eriwwer, hat de Fernand Kartheiser gemengt, a Russland ass e wichtege Partner an der Welt, deem seng Demokratie net perfekt wär awer immens Fortschrëtter gemaach hätt. Am Androck vun därer Ried huet den Ausseminister Asselborn sech prett gewisen, säin Accord ze ginn fir eng Statue vum Alexander Puschkin zu Miersch offiziell aweien ze loossen.
An Europa maachen dem Fernand Kartheiser Groussbritannien mat engem méiglechen Austrëtt a Frankräich mat enger méiglecher Regierung vum Front national Suergen: Hie verlaangt eventuell den EU-Traité nei ze negociéieren, fir d’Englänner an Europa ze halen, dat soss géing vun Däitschland a Frankräich dominéiert ginn.
“Europa ass méi kal ginn” an d’Solidaritéit mat klenge Länner hëlt of, warnt den ADR-Deputéierten a fuerdert e vill méi realistesche Bléck op Europa. Och d’Meenungsfräiheet dierft net am Numm vun der Fräiheet doutgemaach ginn, wéi dat duerch Katalogen vun net genehmen rietsextremen Meenungen kinnt geschéien.
D’ADR gesäit an der Tierkei e wichtege Partner fir d’EU an d’Nato, ass awer géint en EU-Bäitrëtt vun der Tierkei, „wéi Majoritéit vun der Bevëlkerung, op deenen zwou Säiten“, seet de Fernand Kartheiser nach.

Deel dëse Post: