Auslännerwalrecht: Objektivitéit an Neutralitéit w.e.g.!

De consultative Referendum zur Verfassung ass vun der Chamber organiséiert, d’Regierung soll a misst sech bei de Froen neutral verhalen. Eng Rei vu Veräiner an Organisatiounen déi vum Staat finanzéiert ginn, wéi och Gemengen, maachen awer ganz däitlech eng Campagne fir de Jo zum Auslännerwalrecht. Fir d’ADR ass kloer, datt och Initiative fir de Nee musse vum Staat ënnerstëtzt ginn!

An net manner wéi 4 parlamentaresche Froe mécht de Fernand Kartheiser d’Regierung opmierksam op hir Flicht sech neutral ze verhalen.

No der Polemik op den sozialen Netzer an der Fro vum Fernand Kartheiser iwwert d’UGDA huet den Daachverband vun de Museksveräiner hir Stellung kloer gestallt an de Logo vun der UGDA ass op der Internetsäit vu “Minté” erof geholl ginn.

No der Kloerstellung vun der UGDA, an dem Erofhuele vum Logo vun der UGDA um Site minte.lu, huet de Fernand Kartheiser d’Fro iwwert d’UGDA zréck gezunn.

Deel dëse Post: