Auslännesch Parteien: Wien däerf zu Lëtzebuerg manifestéieren?

D’Aktualitéit huet gewisen, datt Manifestatiounen vun auslännesche Parteien an aner Länner séier fir Onrou suerge kënnen. De Fernand Kartheiser huet eng parlamentaresch Fro gestalt, fir gewuer ze ginn, wat fir Manifestatiounen zu Lëtzebuerg kënne gemaach ginn oder ob eventuell esou Veranstaltungen vun auslännesche Politiker a Parteien hei am Land kënnen evitéiert ginn. D”Äntwert vum Banneminister ass lakonesch. Nëmmen am Fall vu Sécherheetsrisiken ass et méiglech eng Manifestatioun ze ënnerbannen. Also huet och all auslännesch Partei d’Recht, zu Lëtzebuerg Walkampf ze maachen.

Deel dëse Post: