Ausfall bei den RGTR-Bussen

Säit 2016 huet de grénge Verkéiersminister François Bausch den ëffentlechen Transport no eegenem Ermoossen ëmgebaut, an net zulescht mat dër Ëmstellung vun de Linnennummere fir Duerchernee bei de Passagéier gesuergt. Mee wéi presentéirt de Bilan sech no deene grousse Reformen, notamment am Bezuch op d’Zouverlässegkeet? Eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Säit dem Joer 2016 goufen d’RGTR-Linnen etappeweis reforméiert an erweidert. Déi Changementer goufen 2022 mat der Ëmstellung vun de Linnennummeren ofgeschloss.

An deem Kontext géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Fro stellen:

  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi dacks wärend de Joren 2023 an 2024 Linne ganz ausgefall sinn, souwéi ob déi entspriechend Ausfäll jeeweils ob en Accident, en technesche Mangel um Gefier oder aner Ursaachen zeréckezeféiere waren an dës gegeebenefalls preziséieren?

 

Deel dëse Post: