Asymptomatesch Fäll zu Onrecht a Quarantän?

Am Juni schonn huet d’WHO op hirer virtueller Covid-19 Pressekonferenz erkläert, datt d‘Iwwerdroung vum Virus duerch asymptomatesch ganz rar wieren. D‘WHO huet hei och ënnerstrach, datt d’Länner sech op déi symptomatesch Fäll fokusséiere sollten. Am November gouf och eng grouss chinesesch Etüd mat 10 Millioune Leit verëffentlecht, déi festhält, datt all déi asymptomatesch positiv Fäll an dëser Studie net infektiös waren, de Virus also net weider iwwerdroe konnten.

D’Teststrategie vun der Regierung an hiren Ëmgang mat den Testresultater an den asymptomatesche Fäll stinn am Géigesaz zu den Erkenntnesser vun dëser grousser Etüd an och zu de Recommandatioune vun der WHO. Wéi steet d’Regierung also zu de Conadratioune vun dësen internationale Quellen? Op wat fir eng wëssenschaftlech Grondlag bezitt d’Regierung sech bei hirer Teststrategie an hirem Ëmgang mat asymptomatesche Fäll? 

 

Deel dëse Post: