Associatioun “Trisomie 21” schwätzt vun “desastréiser Situatioun”

D’Lëtzebuerger Associatioun “Trisomie 21” schwätzt vun enger “desastréiser Situatioun”, mat där Léit mat enger geeschteger Behënnerung konfrontéiert sinn. Grond fir d’Onzefriddenheet si laang Waardelëschte fir Wunn- an Aarbechtsméiglechkeeten, déi op déi spezifesch Besoine vun deene Léit adaptéiert sinn. Vu datt haaptsächlech de Staat dës Projete subventionéiert, steet d’Regierung hei och an der Haaptverantwortung. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser stellt an deem Kontext eng Rei u pertinente Froen, wéi d’Regierung gedenkt op dës Mëssstänn ze reagéieren.

An der Äntwert muss d’Regierung zouginn, datt e puer honnert Leit mat Behënnerungen op Waardelëschte stinn, dobäi och eng ganz Rei Fäll déi als dréngend agestuuft sinn.

Deel dëse Post: