Asselborn äntwert net: Dont acte, fäerdeg! [Video]

print

An der Chamber huet de Fernand Kartheiser dem Bausseminister Jean Asselborn eng einfach Fro gestallt: War 1915 an der Tierkei e Genozid um armenesche Vollek? Genee dat hat d’Chamber an enger Resolutioun festgehalen. Wourop hin d’Tierkei hire Botschafter zeréckgezunn huet. Wourop hin den Här Asselborn an der Tierkei d’Roll a Bedeitung vun der Chamber zu Lëtzebuerg erofgespillt huet. Wourop hin de Botschafter nees op Lëtzebuerg konnt kommen.

Zwar huet de Bausseminister net op dem Deputéierte Fernand Kartheiser seng Fro nom Vëlkermord geäntwert. Mä hien huet déi scho bal Gambia-typesch Arroganz un den Dag geluecht a seng Net-Äntwert mat engem „Dont acte, fäerdeg!“ ofgeschloss. Eben dee Mangel u Respekt virum Parlament, deen de Fernand Kartheiser him virgehäit huet.

 

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.