Ass Lëtzebuerg Absurdistan?

Wien wéi den LSAP-Politiker Franz Fayot dem Parlament en absurd Gesetz virleet an en iwwerhieflechen Ëmgang mat de gewielte Volleksvertrieder fleegt, muss sech net wonneren, datt d’Emotioune mol aus dem Rudder lafe kënnen. Den 18. Dezember gouf an der Chamber eng EU-Direktiv a nationaalt Recht ëmgesat, déi méi widderspréchlech net kéint sinn. Elo steet e bemol all Keeleclub am Generalverdacht vum Blanchiment an dem Finanzéiere vun Terrorismus. Et ass e Gesetz, wat virun allem dem Virwëtz vum Grand-Public entgéint kënnt, elo gi mir zu “gleeserne Bierger”. A wéi dat mat deem fir d’EU sou hellegen Dateschutz soll kompatibel sinn, ass souwisou e Rätsel. E Gesetz, dat wéi keen anert, de graven Dysfonctionnement vun der EU opweist. De Roy Reding freet mat Recht: Liewe mir zu Lëtzebuerg oder an Absurdistan?

Deel dëse Post: