Ass eis Stroumnetz op terroristesch Attacke virbereet

Berlin, Bommeleeër, Feiernuecht an Tirol. Et ginn historesch genuch Beispiller, datt d’Elektroinfrastruktur e beléift Zil fir terroristesch Attacken duerstellt. Mee nach ni war déi Lëtzebuerger Gesellschaft sou eesäiteg ofhängeg vum Stroum. Ass eis Infrastruktur mëttlerweil virun esou Attacke geschützt? Wéi eng Roll kéinten ënnerierdesch Leitunge spillen? D’Alexandra Schoss freet no:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister, den Här Ekonomie- an Energieminister, souwéi d’Madamm Verdeedegungsminister weiderzeleeden.

Kuerz nom Joreswiessel huet en Terroruschlag op eng Stroumleitung an der däitscher Haaptstad Berlin do an enger Rei Quartieren zu engem groussflächege Stroumausfall gefouert. D’Versuergung war wärend ronn véier Deeg ausgefall an huet circa 50.000 Stéit, 2.200 Betriber an och kritesch Infrastruktur wéi Kommunikatiounsreseauen, Spideeler an den ëffentlechen Transport betraff. Déi Attack huet eis op dramatesch Manéier déi potenziell Vulnerabilitéit vun enger Gesellschaft virun Ae gefouert, där hir Energieversuergung prioritär op Elektrizitéit ausgeriicht ass. Zu Lëtzebuerg wäert déi Ofhängegkeet, duerch d’Ëmstellung vu fossillen Energien op Stroum, am Beräich vun der Mobilitéit an dem Hëtze wärend den nächste Jore weider zouhuelen. Dobäi kënnt nach de potenziellen Energiebedarf fir déi kënschtlech Intelligenz.

Déi Attack zu Berlin war ënner anerem och duerfir méiglech, well et sech hei ëm eng iwwerierdesch Leitung gehandelt huet. Och historesch ginn et eng Rei Beispiller, datt d’Elektroinfrastruktur e beléift Zil vu staatsfeindlechen Acteuren duerstellt, sou zum Beispill an der Tiroler “Feuernacht” an op nationalem Niveau och duerch d’Bommeleeërattacken. Et ass dovun auszegoen, datt déi Gefor am Fall vun engem militäresche Konflikt, mat wiem och ëmmer, ëmsou méi staark géif zouhuelen.

Am Kader vum Projet 380 plangt d’CREOS eng Rei nei iwwerierdesch Staarkstroumleitungen, fir eis Infrastruktur un den Energiebedarf vun den nächste Joerzéngten unzepassen. De Projet huet awer notamment an der Gemeng Jonglënster en Deel vun den Awunner beonrouegt, well d’Trasse no laanscht hir Haiser sollt gezu ginn. Eng ënnerierdesch Leitung kéint dës an och vill aner Probleemer, wéi zum Beispill den Impakt op d’Landschaftsbild an natierlech déi genannte Sécherheetsaspekter vermeiden, wier awer vill méi deier.

 An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Gouf d’Méiglechkeet vun enger terroristescher oder militärescher Attack op eis Energieinfrastruktur am Kader vum Projet 380 mat berécksiichtegt? Falls jo, wéi eng Conclusioune goufen doraus gezunn? Falls net, firwat net?
  • Kéint d’Regierung sech virstellen, déi nei 380KV-Leitunge vun der CREOS aus Sécherheetsgrënn ënnerierdesch ze leeën an d’Präisdifferenz aus dem Militärbudget ze finanzéieren? Falls net, firwat net?

 

Deel dëse Post: