Ass Diddeleng beim Zuch zweet Klass?

print

Wie vun Diddeleng aus an d’Stad fueren wëll, muss ab 2018 ëmmer zu Beetebuerg ëmklammen. Et gëtt da keng direkt Linn méi an d’Stad, well déi vu Wuermereng (F) op Lëtzebuerg ofgeschaft gëtt. De Gast Gibéryen huet den 10. Mee eng mëndlech Fro an der Chamber gestallt, wou hie fir Kloerheet suergen wollt.  Et schéngt, wei wann Diddeleng bei den Zuchverbindungen an Zukunft zweet Klass fiert an de Video-Extrait vum Transportminister schwätzt fir sech. Hie versprécht fir d’weider Zukunft awer nees Besserungen.

D’Diddelenger ADR-Sektioun hat mat engem Flyer op der Braderie leschte Weekend schonn dergéint protestéiert, datt déi direkt Verbindung vun Diddeleng an d’Stad soll verschwannen. De Vic Haas als Diddelenger Conseiller hat och d’Intiative geholl, fir dës Fro am Gemengerot op d’Dagesuerdnung setzen ze loossen.

 

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.