Ass de CLAE en tragbare Partner vun der Regierung, freet de Fernand Kartheiser?

De CLAE (Comité de Liaison des Associations d’Etrangers) ass mat engem Fuerderungskatalog un de Formateur vun der neier Regierung erugetrueden, dee vill Froen opwerft, wat de Versteesdemech vun der Demokratie vun där Organisatioun ugeet. Do ass Rieds vun enger Aschränkung vun der Meenungsfräiheet bei kriddelechen Themen, vun enger Ëmerzéiung vu Wieler, fir datt si méi Fraen an d’Politik wielen, an dovun, trotz Referendum, nei Versich ze maachen, fir d’Auslännerwalrecht duerchzesetzen. 

Allerdéngs ass dee selwechte CLAE e Partner vun enger demokratescher Regierung, an zwar mat finanzieller Hëllef vun dëser, iwwert de Wee vu Konventiounen.

An enger ausféierlecher parlamentarescher Fro wëll den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser et ganz genee wëssen: Ass de CLAE mat sengen demokrateschen Usiichten en tragbare Partner vun der Lëtzebuerger Regierung? Oder, wéi an der Fro selwer formuléiert: “…hält d´Regierung et fir ubruecht, dës Organisatioun, déi op hirem Internetsite ugëtt, Konventioune mam Ministère fir d´Famill an d´Integratioun ze hunn (https://www.clae.lu/clae/), weider ze ënnerstëtzen an domat och hiert Verständnes vu Meenungsfräiheet an Demokratie?”

Deel dëse Post: