Asiatesch Bank, Lëtzebuerger Souveränitéit

An enger Interventioun ass de Fernand Kartheiser den 13. Oktober op d’Lëtzebuerger Bedeelegung un der Asiatescher Investitiounsbank agaang. Hien huet de Projet begréisst. Mä et war haaptsächlech d’Geleenheet fir op d’Wichtegkeet vun de Lëtzebuerger Souveränitéitsrechter anzegoen, déi bei dëser Bank bei bestëmmten Decisiounen temporär kënnen ausser Kraaft gesat ginn. Datt dat nëmmen temporär geet, garantéiert eis Verfassung, an dee wichtege Passus kënnt an der aktueller Propose fir d’Verfassung ze änneren, net méi vir. De Fernand Kartheiser huet och d’Remarque iwwer d’Mënscherechter a China begréisst, déi vun engem sozialisteschen Deputéierte koum: Hien huet deem awer virgeschloen, dee Rot direkt u säi Parteikolleg, de Bausseminister Jean Asselborn, ze riichten.

Deel dëse Post: