Artemis-Accorden: Froen iwwert Froen…

A senger erweiderter Fro vum 18. November wëll den ADR-Fraktiounschef méi iwwert d’Artemis-Accorde gewuer ginn, déi Lëtzebuerg leschte Mount ¨nnerschriwwen huet. Et geet hei ëm déi international Zesummenaarbecht am Beräich vun der Exploitatioun vum Weltraum. Et stellen sech an deem Zesummenhank awer eng ganz Rei u Froen: Misst d’Chamber déi Accorden net ratifizéieren? Wéi gesäit déi international Zesummenaarbecht am Hibléck op d’Exploitatioun vum Weltraum an Zukunft mat deene Länner aus, déi sech den Accorden net ugeschloss hunn (wéi z.B. Russland)? Lafe mir Gefor, datt sech en neie kale Krich bei der Exploitatioun vum Weltraum entwéckelt? Froen iwwert Froen… a kloer Äntwerte gesinn anescht aus, awer kuckt selwer!

Deel dëse Post: