Armenesch Krichsgefaangener am Aserbaidschan

Scho virum Waffestëllstand vum 9./10. November 2020 tëscht Aserbaidschan an Armenien am Biergkarabach-Konflikt si grujeleg Videoen an de soziale Medien opgedaucht, op deenen ee gesäit, wéi aserbaidschanesch Zaldoten armenesch Krichsgefaangener mësshandelen. No dem Waffestëllstand huet Armenien déi aserbaidschanesch Krichsgefaangener un den Aserbaidschan iwwerginn, wat ëmgekéiert net am selwechte Mooss geschitt ass. Et gëtt geschat, datt den Aserbaidschan nach eng 200 Persounen, dorënner och Zivilisten a Persoune vun net armenescher Nationalitéit, gefaangen hält. Wat ënnerhëlt déi Lëtzebuerger Regierung, fir dëse Mënschen ze hëllefen?

Deel dëse Post: